Pëllekäpp

Ech duecht, ech géif net richteg liesen. D'lescht Woch huet de Gesondheetsministère via d'Press viru schlechtem Ecstasy gewarnt. Analysen haten erginn, dass do den Herbizid Mecoprop dran ass, an dee kéint zu gréissere Gesondheetsproblemer féieren.
Dat ass besonnesch geféierlech, well gemenkerhand an esou Pëlle jo nëmme Vitaminnen dra sinn. D'Informatioun dierft virun allem déi Leit interesséieren, déi sech regelméisseg een Joint dréinen. Gras verdréit sech bekanntlech net immens gutt mat engem Herbizit.
Wat mécht een eigentlech als Consommateur, wann ee feststellt, dass een eng vun deene schlechten Ecstasy-Pëllen do ugedréit krut? Däerf een dann zréck bei de frëndleche Vendeur goen, fir se anzetauschen? Kann ee sech bei der ULC mellen? A wär et net un der Zäit, dass d'Europäesch Unioun mol eng Direktiv erausgëtt, déi verlaangt, dass op all Ecstasy-Pëll d'Ingredienten an de Kaloriewäert ugi sinn, sou dass de Consommateur, dee jo ëmmer viru sech selwer geschützt gi muss, kucke kann, op do net grad een Herbizit dran ass, vun deem et engem schlecht gi kéint.
Oder wéinstens eng Warnung droppechen, wéi op den Zigaretten. De Gesondheetsministère warnt: "Dës Pëlle kënnen zu gréissere Gesondheetsproblemer féieren: Féiwer, Otemproblemer, Niereschied."
An de Mars misst onbedéngt dofir suergen, dass Pëlloiren ageriicht ginn an den Diskothéiken, wou d'Leit sech kenne Pëllen erageheien, ouni déi aner, déi sech just besaufe wëllen, dobäi ze stéieren.
Wien sech eigentlech och mol an där ganzer Saach zur Wuert melle misst, wär de Mouvement écologique. Deen Herbizid an der Pëll heescht emmerhinn Mecoprop. Wann dat net ruffschiedegend ass, weess ech et och net. Woubäi, do kënnt mer grad d’Idee fir eng excellent Method, fir déi Pëllen ze recycléieren. Einfach op d'Onkraut geheien lo am Fréijor.
Apropos Onkraut : dat vergeet net, an genee sou wéineg dierft de Pëllekäpp den Appetit op hiren Extasy vergoen, souguer wann et engem laut dem Gesondheetsministère dovunner richteg schlecht kéint ginn.