Déi lescht Woch ass mol nees dee Saz gefall, deen an engem Mediebetrib dacks gesot, awer net gär gehéiert gëtt: „Et ass awer och guer näischt lass!“

Wat solle mer de Leit dann erzielen, wa mer keng Neiegkeeten, News, Noriichten, Nouvellen oder wéi een et och ëmmer titeléiere wëll, fannen? Dobäi fënnt een der ëmmer, behaapten ech emol - sou als Member vun engem Mediebetrib.

Mee sinn datt dann och ëmmer déi, déi d'Nolauschterer wëlle wëssen oder déi, déi ech och wëll wëssen? Vläicht, vläicht net.

Gesicht ginn d'Informatioune jo no verschiddene Critèren: geographesch no, allgemeng intressant a vrun allem geet et ëmmer drëm Ongereimtheeten opzedecken, Froen ze stellen an Äntwerten op alles ze sichen.

An da gëtt et do nach de berühmte Saz „No News are good News“.

Dat heescht jo dann: wann näischt lass ass, ass alles an der Rei. Sécher net.

Et kann een d'Bedeitung awer och deen anere Wee dréinen a soen: Wann alles an der Rei ass, da muss ee jo net driwwer schwätzen. Also gutt Nouvelle mussen dann och net weidervermëttelt ginn. An den Haaptjournale geschitt datt jo och manner, wéi déi schlecht Noriichten, wann een emol vu Victoiren am Sport oder Präisverdeelungen an der Kultur ofgesäit.

Firwat eigentlech?

Well et langweileg ass ze soen datt alles leeft, datt et Währunge gëtt, déi sech gutt halen, datt Leit eng Aarbecht fonnt hunn, Wahlen a beschter Uerdnung duerchgefouert ginn, datt et keng Naturkatastrophe méi gëtt, datt keen Honger leit, keen deem aneren säin Däiwel ass an datt jiddwer Mënsch op der Welt déi selwecht Chancen huet.

Richteg, dat ass alles leider Wonschvirstellung an dofir muss och ëmmer an ëmmer nees op all dës Saachen opmierksam gemaach ginn.

Mee wéi schéi wier et dach, wann een Dag am Joer den Dag vun nëmme gudden Noriichte wier, wou näischt anescht ze melle wier. Een eenzegen Dag am Joer!

A soe mer emol esou en Dag wier iwwermuer, den 8. Mäerz.

Mä ech weess dat kléngt naiv an idealistesch an alles anescht wéi realistesch.

Dofir bleift den 8. Mäerz och dëst Joer den internationale Fraendag.