O mei. Relioun. Ech si gedeeft. Sinn ech elo e Chrëscht, well meng Elteren dat deemools fir mech decidéiert hunn? Sinn ech reliéis, well ech mat deem Dafschäin do souzesoen eng... eng Memberskaart vun deem ... wat ass dat eigentlech, ... e Veräin, eng Firma, ... mam Poopst als PDG, d’Kardinäl d’Regierung, d’Erz- an déi einfach Bëscheef d’Ausseministeren?

An, wat ass eigentlech reliéis? U Gott gleewen? Also – de Chrëschten hiren? Bei deene sinn ech jo dran. Déi soe mer jo, schreiwe mer vir, wéi ech muss liewen. Mee, dat wëll ech jo nit. Dofir ginn ech jo nit méi dohin.

Also – nit reliéis? Wat schreiwen ech dann elo? Ech gleewen u Wäerter. Sinn och iergendwéi d’Groundwäerter vun de Reliounen. Mee, fir u Wäerter ze gleewen, brauch ech kee Gott. T’ass vläicht anescht, un e Gott ze gleewen, mat deem ee perséinlech a Kontakt triede kann, deen een tréischt a beschützt a vläicht no de Virschrëften a Ritualen vun enger Reliounsgemeinschaft ze liewen. Mee mat deem Tréischten a Beschützen hunn ech esou meng Zweiwel a mat de Virschrëften a Rituale meng Problemer. Ka näischt domat ufänken. Also, wat dann elo?

Relioun? Schreiwen dann awer Chrëscht, well ech jo awer iergendwéi do dra sinn?

A firwat brauch iergendeen dat iwwerhaapt? Ech sinn dach keen aneren, well ech Chrëscht sinn a nit – zum Beispill –Buddhist? Déi iwwerhaapt kee Gott hunn. Awer un déi selwecht Wäerter gleewen, wéi ech.
Relioun: Allez hopp, Chrëscht. Och aus Sympathie zu hirem PDG, dem Poopst, dem Franziskus. Well deen déi Firma erëm vläicht an de Grëff kritt. E schéngt jo emol ferm drun ze schaffen, wat een esou alles liest. 't ass och vill Aarbécht, mengen ech.

AUDIO: Apropos: Relioun, Glawen, Gott