„Design ass onnëtz, nëmmen domm Mënschen intresséiere sech fir Design“.

Dat ass nit vu mer, et ass vum Philippe Starck, engem – Stardesigner.

Mee – egal, Design ass iwwerall, mer gesinn e just meeschtens schonn nit méi.

Design verféiert, verstoppt och dacks déi richteg Problemer. Beim Auto zum Beispill och. Do gëtt an der lescht d’Siicht haaptsächlech no hanne ferm reduzéiert. Den Duerchbléck ass fleeten. D’Gefor wiisst. An och no vir gëtt de Bléck ëmmer méi verspaart. Duerch aremdéck A-Sailen. Dass dowéinst Foussgänger, Vëlo- a Motorradfuerer eréischt gesi ginn, wann et schonn ze spéit ass, schéngt wéineg Leit ze stéieren.

D’Säitefënsteren si geschwënn nach just Kuckschlitzer a Schéissschartegréisst. Kleng Fënsteren, wulsteg Karosserien sollen deenen am Auto e Gefill vu Sécherheet ginn. Allerdéngs, hei leien d’Designer, wat d’Sécherheet ugeet, komplett dernieft. D'Funktioun vu Fënsteren: kee Fatz verstan.

Allerdéngs, och deen, deen den Auto keeft, soll nodenken. 't soll jo nit esou sinn, dass den Design eis Verbraucher zu Idiote soll man. De Fabrikant wëllt verkafen. A wann den Autofuerer en Auto wëllt, wou en iwwerall gutt erausgesäit, dann huet den Design sech do drun unzepassen.

’t ass natierlech fir den Autosfabrikant och nach flott well finanziell intressant, wann e statt anstänneger Ronderëmsiicht Parkhëllefe verkafe kann, eng Hannertzechfuerkamera, Parksensoren. Normalerweis och nach an iergendengem Package zesumme mat eppes, wat een eigentlech och nit brauch. Mä nujee, mer gi jo ugeschass, wou et nëmme geet, gell Dir. An elo versteet een dann och deem Philippe Stark säi Saz..., erënnert Der Iech nach: Design ass onnëtz, nëmmen domm Mënschen intresséiere sich fir Design.

AUDIO: 29/01/2015 Apropos Roland Kalté (Design)