Eng vun de grousse Fräiheeten hautdesdaags ass: Du kanns wielen. Du duerfs wielen, ëmmer an iwwerall. Du hues bal ëmmer „die Qual der Wahl“, wéi se déisäit soen. Da muss de dech natierlech entscheeden. Also, wann een et richteg kuckt, - du muss permanent wielen. Also – e bësse paradox – ass et mat där Fräiheet schonn erëm eriwwer. Déi Fräiheet tëscht enger Onmass Zahnpastatüben, Vakanzendestinatiounen, Autosvarianten, Mëttel géint Knéiwéi, je alles ka lästeg ginn. ’t kann engem schonn op de Kéis goen, oder op de Wecker, oder op de Su, Der kënnt wielen.

Do sti mer heiansdo wéi den Ochs vrum Bierg. Sinn iwwerfuerdert, a si frou, wann en anere fir eis denkt, eppes recommandéiert an eigentlech eis d’Verantwortung vun der Entscheedung ofhëlt.

An dat huet eis Gesellschaft natierlech och spatz kritt. Elo kréie mer esou ganz liicht e bëssi nogehollef. Du gëss geleet, gefouert, gedrängelt, gedréckt an déi gewënscht Optioun. A nit onbedéngt an déi vun eis selwer gewënschten Optioun. Mer loossen eis ëmmer méi beaflossen a manipuléieren a systematesch gi mer verfouert, falsch geleet, ugeschass vu Politik, Handel, Ideologien, asw. 't muss ee sech d’Fro stellen, ob mer iwwerhaapt nach fäheg sinn, déi richteg Entscheedunge fir eis ze huelen. Hu mer nach de fräie Wëllen dofir? Mierke mer iwwerhaapt nach, wie fir eis d’Entscheedung geholl huet? Mer selwer oder huet schonn erëm een eis op dës Entscheedung gedréckt, ouni dass mer et gemierkt hunn?

't soll ee vläicht emol do drop Uecht dinn. Bon, 't kann engem och alles egal sinn. Do kann ee wielen, wat ee wëllt.

AUDIO: Apropos "Wielen"