Ech kann en nit richen!

Ech weess nit, ob meng Nues immens gutt richt, oder ob ech einfach nëmme Pech hunn.
Mee sinn ech iergendwou, wou der nach vill rounderëm sinn, dann – op eemol – a mengt elo nit, do wier kee Fascht Wourécht drun, - op eemol - zitt mer eppes an d’Nues, esou lues a lues.
Iwwer d’Parfumswoulek leet sech op eemol engem anere säi ganz eegene Geroch.
Do hat alt erëm een e liichte Gasiwwerschoss. Boah. A wanns de Pech hues, kéins d’och nach nit fort.
Muss dann all Kéier deen, dee mëttes eng Bounenzëppchen erageholl huet, owes nieft mer am Theater, Kino, Concert, oder wou och ëmmer sëtzen oder stouen. A well e jo vill Béinercher genammst huet, léisst en och schéi regelméisseg onregelméisseg vill sténkech Téinercher jauwen. Esou ënnert dem Motto: Alles muss eraus, wat kee Loyer bezuelt huet.
Ech hat et schonn opginn, op flatulenzlos Owenter ze hoffen, bis ech elo gelies hunn, dass et neierdéngs eng Anti-Pups-Box gëtt. „Under-ease“ heescht dee Kalzong oder déi ënnescht Box mat Fuerzfilter, deen de Geroch neutraliséiert. Wichtegste Bestanddeel ass en Aktivkuelefilter, deen tëscht 2 Lage vun australescher Schofswoll läit, deen de Gestank einfach zréckhält. Geräischer hält e nach nit zréck, mee déi sténke jo och nit.
Also – déi hier rektal Entwäichungen an der Ëffentlechkeet nit ënner Kontroll hunn, - „under ease“
Dat misst dach eigentlech scho no engem Bommegeschäft richen, oder?