Präisser, Auszeechnungen, Éierungen- besonnesch um Enn vun engem Joer ginn der vill verdeelt u Mënschen, déi et verdéngt hunn fir hir Leeschtung, hir Aarbecht, hiren Asaz. Dacks sinn et der déi mer kennen a schätzen, dacks der déi eis iwwerraschen an heiansdo och där déi eis besonnesch beréieren. Dat ass och de Fall fir dee Mann dee lescht Woch de „Prix Sakharov“ vum Europäesche Parlament kritt huet, Christiane Kremer.

Ech ginn zou säin Numm hunn ech net kannt, bis en am Kontext vum Sakharov-Präis gefall ass, och wann den Dr. Mukwege scho virdrun ausgezeechent gouf an 2008 vrun der UNO zu New York op seng Cause opmierksam gemaach huet. Den Dr Denis Mukwege ass e Fraendokter, deen ënner anerem a Frankräich studéiert an och praktizéiert huet ier en 1989 zeréck a seng Heemecht Kongo- deemools nach Zaïre – gaangen ass an zu Lemera eng gynecologesch Statioun opgemaach huet. Si louch matten an engem Krichsgebitt, do wou no dem Genozid am Ruanda d'Vergewaltegung an d'Verstümmelung vu Fraen ëmmer méi zu enger bëlleger Krichswaff goufen. Eng Erausfuerderung fir den engagéierten Dokter, deen duerno an der Stad Bukavu seng Klinik „Panzi“ opgemaach huet. Zënter 15 Joer huet hien do eng 40 000 Frae behandelt, déi op schrecklech Manéier blesséiert an humiliéiert goufen. Wann den Dr Mukwege doriwwer schwätzt, kann ee just erféieren an sech froen, wéi dat méiglech ass a wat dogéint kann ënnerholl ginn.
Froen, déi den Dokter sech och stellt an déi derzou bäigedroen hunn, datt hien zum Mënscherechtsaktivist ginn ass, deen haart fuerdert a verlaangt a schwätzt. Dat huet hie selwer schonn a Gefor bruecht. 2012 huet en en Attentat op hien a sengem Haus mat Gléck iwwerlieft. Eng Zäit laang huet en duerno an der Belsch gelieft, bis en 2013 zeréck gaangen ass, bei seng Klinik, seng Patientinnen, säin Engagement.
„L'homme qui répare les femmes“ heescht eng Biographie, déi déi belsch Journalistin Colette Braeckman iwwer hie geschriwwen huet. „De Mann, deen d'Frae reparéiert“, dee Saz kléngt sou technesch, mä um Enn beschreift e ganz sober dat wat en als Gynécologue mécht.
Dobäi mécht en esou vill méi a wëll nach vill méi maachen an erreechen. Déi 50.000€ vum Sakharov-Präis hëllefe bestëmmt. Nach méi wichteg wéi d'Suen, ass awer och de moraleschen Appui an d'Opmierksamkeet, deen déi concernéiert Affer solle kréien.
Och dofir si Präisser do! Besonnesch dofir.

AUDIO: Apropos "L'homme qui répare les femmes"