Mir hunn et déck do sëtzen

Fir ze kucken, fir ze schmaachen. Nee de Kleeschen huet eis Lëtzebuerger dëst Joer net nëmme schéi Saache bruecht. Et kann eis net alles schmaachen, wat eis den Ament ëm d'Ouere flitt. Woubäi et mam Schmaache schonn ugeet, mengt d'Christiane Kremer am Apropos vun haut.
Mir si Profiteuren, sangen se eis am Chouer vun iwwerall hier. Zënter datt Luxleaks als Begrëff opgetaucht ass an, wéi mir mengen, aus heiterem Himmel op eis gefall ass, si mir Lëtzebuerger erféiert a fäerte bal iwwer d'Grenz ze goen, well mer do ëmmer gär als déi Déck ugesi ginn, déi déck vun den Décken aus anere Länner profitéieren, a vläicht geschwënn och nach vun deene Superdécken. Et ass zwar net illegal, wann och moralesch net ganz propper, wat mer maachen a mir sinn och net déi Eenzeg. Op alle Fall probéieren eis Autoritéiten dat emol sou gutt se et kënnen zu eiser Verteidegung ze soen, mä geet dat duer? Bei der nächster Luxleaks-Attack gesi mer et an déi ass jo schonn ugekënnegt.
Mä wat solle mir einfach Männer a Frae vun der Strooss soen, wa mer fir d'xte Kéier de Begrëff „Steierparadäis“ oder „Kapitalist“ an de Kapp gehäit kréien? Mir hätten näischt gewosst? Oder: firwat solle mir dann net dervu profitéieren, op mannst bleift et an der Famill, also an der EU a geet net an déi richteg Steierparadäiser, iergendwou am Offshoring?
Neen, definitiv, et ass grad net einfach als Lëtzebuerger dobaussen opzetrieden. A wann dat net schonn déck genuch opgedroe wier, kréie mer och elo nach eng fatzeg Datz vun der OECD. Do heescht et an der rezenter Etude, mir wieren net nëmmen déi mat den déckste Peien, mä och nach déi mat den déckste Bäich. Oder bal- an der EU si mer an der Skala vun de Länner mat Iwwergewicht op der 3ter Plaz hannert Ungarn a Groussbritannien.
Och do sinn eis Autoritéite jo schonn amgaangen drun ze schaffen: ëmmerhi mussen mir jo de Rimm méi enk zéien, steet am Zukunftspak. Vläicht hëlleft jo méi Bewegung- well d'Fitness ass jo scho bei de Jonken e Problem, huet den neie Chef d'Etat Major vun der Arméi festgestallt.
Mir hunn et also am richtege Sënn vum Wuert den Ament déck do sëtzen. Gutt alt, datt mer op der Lescht vum CPI- dem Index vun Transparency International- an der Top Ten vun deene Länner stinn, an deenen am mannste Korruptioun ass.
Alt eng kleng Erliichterung an dëse schwéieren Zäiten.