Le penseur

Et ass sécher eng vun de bekannteste Skulpturen aus der Konschtgeschicht a si gëtt et a verschiddenen Ausféierungen a Kopien, déi op ville Plazen an der Welt ze gesi sinn. Zënter enger Woch och zu Lëtzebuerg. Dem franséische Sculpteur Auguste Rodin säin Denker denkt elo och zu Lëtzebuerg no, Christiane Kremer.
An dat ganz präzis am Gebai vum Europäesche Geriichtshaff um Kierchbierg, iergendwéi huet e grad do och eng wichteg Symbolik. Wann een d'Wierder spille léisst, dann tauchen e puer Denkustéiss op, déi den Denker eis kéint grad an engem Geriichtsgebai mat op de Wee ginn: denken ier een handelt, nodenken ier ee verhandelt, iwwerleeën ier een drop lass schwätzt, duerchdenken ier een uerteelt, sech ausdenke wéi een et anescht maache kann.De Penseur kéint grad esou gutt nieft dem Wëllem um Knuedler sëtzen oder nieft der Grande-Duchesse Charlotte op der Place Clairefontaine, grad sou gutt nieft der Chamber oder op allen ëffentleche Plazen iwwer Stad a Land oder an de Versammlungsreim vun deenen, déi sech fir dat eent oder anert engagéieren an asetzen.
Mä am Fong stéing e bal grad sou gutt an all Virgäertchen oder op all Balcon oder grad elo bei all Chrëschtbeemchen. Sou dacks kann een evitéieren ze séier ze schéissen, wann eppes engem ongerecht virkënnt oder engem eppes just net gefält- sou dacks ass et besser en Ament duerchzeootmen a sech nach emol alles duerch de Kapp goen ze loossen. Heiansdo ass d'Léisung da méi einfach, wéi een denkt oder d'Roserei méi séier fort, wéi ee gerechent hat.
Iergendwéi ass de Penseur grad richteg an eist Land komm, do wou en elo 5 Joer laang ureegt nozedenken.
Nodenken iwwer de weidere Wee vun eisem Land an den nächste Wochen a Méint a Joer. Ma och nodenken iwwer déi besënnlech Zäit, déi lo kënnt a fir déi ech Iech elo schonn all Schéines a Guddes wënschen.