Et gëtt sou Leit, déi ëmmer do sinn an ëmmer schonn do waren a vun deenen ee mengt si géifen och ëmmer bleiwen. Datt dat net méiglech ass, wësse mer natierlech. An awer ginn et se, déi déi ëmmer iergendwéi och bleiwen. Den Apropos vun haut heescht „Matzen am Liewen“ an domadder deit sech schonn un wien d'Christiane Kremer do denkt.

„Wier et dann net awer gutt, den Udo Jürgens eemol lauschteren ze goen?“ Déi Fro hate mer zu zwou Frëndinne virun e puer Wochen séier mat „Jo“ beäntwert, och wann et lo net déi Musek ass, déi mer prioritär lauschteren. Mä dorëms geet et bei sou enger Perséinlechkeet wéi dem Udo Jürgens net. Um Enn war e méi wéi just e Museker. E war e Begleeder duerch engem säi Liewen, vu Klengem un huet een e kannt, duerch d'Elteren huet een en entdeckt, herno war en an den Hitparade vun der Jugendzäit an iergendwéi war e cool, well en dach sou anescht gesongen a gelieft huet. Den Udo Jürgens huet kloer an einfach a senge Lidder gesot, wat eis beréiert huet. Themen, déi dacks gesellschaftskritesch waren, Situatiounen, déi ee selwer erlieft huet, Texter, déi sou perséinlech waren, datt een einfach just geduecht huet: Jo, sou ass et! An dat musikalesch propper, dat ass engem als Erwuessenen ëmmer méi bewosst ginn: nee et war kee Schlagerfuzzi, éischter e Chansonnier am Stil vun engem Crooner.

Alles dat ass no sengem onerwaarten Doud méi wéi eemol thematiséiert ginn: an de Medien an awer och an de Gespréicher ënnert eneen, um Familljendësch op Chrëschtdag oder beim Patt mat Frënn. An den Udo Jürgens wäert och nach e n Thema bleiwen, well nieft dem Ëmstand, datt do ee gestuerwen ass, dee mat 80 Joer nach komplett fit war, deem seng markant Stëmm nach eemol wéi d'anert Mol geklongen huet, deem seng Kreativitéit nach net nogelooss hat, ass iergendwéi och bei ville Leit e Stéck Liewe verschwonnen. Einfach esou „Matzen am Liewen“- sou wéi den Titel vum leschten Album war.

Verstäerkt gouf dat Gefill nach den Dag dono, wéi eng weider Stëmm, déi ee vu Kand u kannt an héieren huet, op eemol verstommt ass: déi vum Joe Cocker.

Op mannst deen hat ech awer e puermol live gesinn.

Vum Udo Jürgens kann ech dat net behaapten, well leider war aus dem Concert näischt ginn, den héije Präis vun den nëmmen nach raren Tickete war um Enn Schold, well esou d'Kollegin: „Ech wëll e jo net mat heem huelen. Dann ass et fir déi nächst Kéier.“

Déi Kéier, déi et da lo net méi gëtt.

AUDIO: Apropos "Matzen am Liewen"