Wunnraum zu Lëtzebuerg

D'Politiker behaapte jo ëmmer nees, de Wunnraum zu Lëtzebuerg géif knapp ginn, et misst onbedéngt eppes geschéien, datt et och an Zukunft nach genuch Wunnengen zu raisonnabele Präisser am Land gëtt. Wann awer ee Wunnraum schafe wëll, erlieft deen heiansdo säi blot Wonner.
Et fänkt mat enger Ierfschaft un, vun engem Haus an der Stad, op engem Terrain deen dem Kadaster no ronn annerhallwen Ar grouss ass.
Mä do kënnt schonn direkt déi éischt Iwwerraschung: Den nationale Kadaster ass alles anescht ewéi à jour. D'Gemeng Lëtzebuerg féiert dee selwechten Terrain an hirem Kadaster mat 1,1 Ar! Also ronn 30% manner!
Deen nationale Kadaster ass bei deem Terrain nach um Stand vum 19. Joerhonnert. Wuelverstan net 19 honnert iergendeppes, mä 18 honnert. An dat am 21. Joerhonnert. Wou alles vernetzt ass. Do bréngen déi zoustänneg Plazen et net fäerdeg een nationale Kadaster automatesch à jour ze halen, wann eppes am Gemengekadaster ännert, an ëmgedréint? E-Government gesäit anescht aus.
Datt do an deene leschten déck 150 Joer 30% vum Terrain verschwonne sinn ignoréieren ech elo mol einfach.
Mä den Terrain gëtt nach méi kleng. D'Bautereglement an der Stad Lëtzebuerg huet an all deene Joeren och geännert, an elo sollen d'Trottoire méi breet gemaach ginn. Wann dat aalt Haus (dat zum Deel scho bal 100 Joer al ass, a komplett sanéiert misst ginn) ofgerappt sollt ginn, fir eppes Neits dohin ze setzen, da gëtt den Trottoir ee Meter méi breet, virun an hannert dem Haus. Also gëtt den Terrain nach Kéier 2 Meter méi kuerz! Ee Kaddo fir d'Gemeng.
Deen eigentleche Clou kënnt awer nach: D'Haus steet op d'mannst zanter 80 Joer (méi al Pläng hunn ech net méi fonnt) un d'Limite vum Terrain gebaut. Esou datt um Terrain niewendrun direkt kéint ugebaut ginn. Esou wéi déi ganz Strooss an der Noperschaft nëmmen ugebaut ass.
Mä um Terrain niewendrun ass nach ee Gaart. An dem Bautereglement an der Stad no, dierf een op deem Terrain, op deem also zanter op d'mannst 80 Joer een Haus un der Limite vum Terrain stoung elo net méi bis op déi Limite gebaut ginn. Et muss ee 4 Meter vum Nopeschterrain ewech bleiwen.
D'Haus huet eng Frontlängt vun 9 Meter. Esou laang och den Terrain. Op där Plaz dierf net méi ewéi 9 Meter an d'Déift gebaut ginn. Also hätt een neit Haus wann et op den aktuelle Limite kéint gebaut ginn eng Grondfläch vun 81 Quadratmeter. Do léisst sech scho keng Luxus Wunneng drop bauen.
Well een elo awer muss 4 Meter Ofstand vum Terrain niewendrun halen, bleiwen just nach 5 x 9 = 45 Meter Carré. Bal d'Halschent!
D'Halschent vum Wunnraum geet also do verluer. Esou schlëmm kann et da wierklech net mat der Situatioun sinn, wa mir eis dee Luxus nach erlabe kënnen, fir ee Bautereglement ze hunn, dat esou eppes zouléisst.
Esou lues verstinn ech, wa Proprietairen hiren Terrain léiwer Brooch leien, oder eng Wunneng eidel stoe loossen. Wann een d'Liewen onnëtz esou schwéier gemaach kritt, vergeet engem d'Loscht fir Wunnraum ze schafen.
Esou laang do näischt sech drun ännert, brauch mir kee méi mam Mäerchen vum knappe Wunnraum zu Schilda, pardon zu Lëtzebuerg ze kommen.