E gemeinsame Virsaz

2015 ass nach jonk - dem Kalenner no. Vrun engem Mount hu mer nach all Guddes am Neie Joer gewënscht, „nëmmen dat Bescht“ an „hoffentlech dann e Bessert wéi 2014“. Knapps 4 Wochen duerno huet dat Joer scho laang seng Onschold verluer, mengt d'Christiane Kremer am Apropos vun haut.
Jo, wou sinn se dann déi gutt Virsätz, déi mer eis gesat haten? Déi ganz perséinlech: vum Regime bis bei méi Bewegung? Vergiess, verflunn, iwwer de Koup gehäit - well mer keng Zäit haten, keng Geleeënheet haten, keng Gedold haten oder vläicht, well mer op eemol keng Loscht méi haten, kee Kapp méi dofir haten, well mer vun den Evenementer ronderëm sou op d'Kopp gehäit goufen. Mir waren entsat iwwer d'Biller aus enger vun de schéinsten Haaptstied vun der Welt, déi nëmme knapps 2 TGV-Zuchstonne vun hei ewech ass, iwwer Biller wéi aus dem Film. A mir waren op eemol alleguer Charlie, hunn zesummegestanen, zesummegehale fir eent vun eise gréisste Gidder: d'Fräiheet. Eng Well, déi ëm d'Welt gezunn ass.
Mä elo, wou ass et dat Gefill vun Zesummenhalt a Versteesdemech, vu Respekt a Solidaritéit? Mat fortgespullt, ofgesat wéi déi gutt Virsätz? Sécher, et kann een net onendlech paralyséiert si vun Angscht a Schreck an Trauer. Et muss weidergoen, sou wéi de Charlie et gewollt hätt, sou wéi d'Terroristen et net gewollt hätten. Mir musse liewen, zesummeliewen, Weeër fannen a Léisungen. A mir mussen d'Biller och am Kapp halen. Biller, déi sou staark sinn, datt se eis ëmmer sollen erënneren, waakreg ze bleiwen!
Sou wéi aner Biller, déi mer lescht Woch fir d'éischte Kéier gewise kruten, Biller, déi 70 Joer al sinn, vun deemools, wéi d'KZer befreit goufen. Déi an den Archive gelant waren, well se sou fuerchtbar sinn, well grouss Cineasten, wéi den Hitchcock, et emotional bal net gepackt hunn, fir se deemools ze verschaffen.
Biller, vun deene mer wéinstens solle wëssen, datt et se gëtt! Elo nach no 70 Joer! An déi symbolesch sinn fir de Kampf fir d'Fräiheet, dee jo ëmmer nach an ëmmer erëm eng Erausfuerderung ass an e Virsaz.
Awer een, dee mer net solle vergiessen