Arbitter sinn, "onparteiesch" also, ass sécher net deen einfachsten Job vun der Welt - wann et iwwerhaapt en Job ass, well meeschtens ass et just en Hobby. Oder eng Passioun. Woubäi sech der sécher vill froen, ob et eng Passioun ka sinn, ëmmer iergendwéi ee géint sech ze hunn, Christiane Kremer.

Meeschtens ass dat natierlech deen, dee verléiert a sech ongerecht behandelt fillt. Natierlech kann een Arbittesch-Decisiounen a Sportregele wéi Lastik an déi eng oder aner Richtung zéien, sou wéi se engem am beschte passen.

AUDIO: Apropos "Faceball"

Natierlech kann een dem Arbitter ëmmer ze gutt halen, datt e leider keng Zäitlupp huet, fir nach emol nozekucken, ob et dann elo e Foul war oder Abseits. Obwuel, grouss Fussballer-Leit sote schonn emol: "Abseits ass, wann den Arbitter päift."

Iwwerhaapt déi berühmten Arbitter-Spréch. Et ginn der wéi Sand um Mier an ëmmer nees geet et an déi selwecht Richtung: "Mir wëssen, wou däin Auto steet" oder "Bass de blann?".

Neen, keng Angscht, ech wollt elo hei keng Opzielung maachen. Mä mech just mat engem Arbittesch-Fall aus der Belsch befaassen - do huet de Weekend den Tabelleleader Bruges eréischt fir d'zweet dës Saison verluer: 0-2 zu Courtrai.

A wiem seng Schold ass et? Dem Arbitter seng? Op alle Fall ass eng hefteg Polemik am Gaange ronderëm den Arbitter Frederik Geldhof, deen eng giel Kaart net an een Eelefmeter ginn huet, all Kéier en faveur vu Courtrai. Fir d'Supporter vu Bruges ass kloer: "De Mann ass net onparteiesch." De Beweis wier op Facebook, well do wier hien an engem Grupp "Red Side Kortrijk".

Déi offiziell Reaktioun vun der belscher Federatioun koum awer och: "Dee Grupp huet näischt mat Sport ze dinn, mä ass e soziale Projet vun der Stad an de Geldhof ass do net Member, säin Numm ass just do opgetaucht, well ee vu senge Facebook-Frënn dran ass." Dat wier also e Stuerm am Waasserglas, och wann d'Federatioun den Arbitteren un d'Häerz leet, besonnesch a sozialen Netzwierker virsiichteg an neutral ze bleiwen.

Grad do gëtt et awer schonn en neie Facebook-Grupp, dee den Numm vum Arbitter gebraucht als Skandal vum belsche Fussball a schonn iwwer 600 Memberen huet.

Da sinn déi berühmte Spréch dach wuel déi méi harmlos Variant. An heiansdo kënnen se jo och an déi aner Richtung goen, wéi deen hei vun engem däitschen Trainer, dee sot: "Mir hunn net d'Recht, all Decisioun vum Arbitter ze kommentéieren. Dee laacht sech jo och net vreckt, wa mir eng Feelpass maachen."