Maach et selwer ! Da weess d'och, datt et gutt gëtt. Apropos "Selfie"...

"Kéint Dir wann ech gelift eng Foto vun eis maachen ?" Dat waren nach Zäiten ... do huet een, wann och nëmme fir e puer Sekonnen, wëllfriem Leit kennegeléiert an hinnen direkt deen deieren Apparat uvertraut. Haut funktionéiert dat an eegener Regie, mir knipsen eis selwer gär an iwwerall a wëllen dann och, datt jidderee gesäit wou mer eis gär an iwwerall ronderëm gedriwwen hunn. Méi komplizéiert gëtt et just, wann um Selfie och nach aner Persounen ze gesi sinn, déi näischt vun där spontaner Momentopnahm mat kruten. De Superbowl-Gewënner Julian Edelman ka jo dëser Deeg e Liddchen dovunner sangen, säi "one-night-stand" ass, dank engem indiskreten "After-Selfie" ronderëm d'Welt gaangen.

U sech gëtt et de Phänomen vum Selfie scho ganz laang. Am 17. Joerhonnert huet e gewëssene Rembrandt sech ëmmer nees selwer an d'Bild gesat, haut sinn déi Autoportraiten e Verméige wäert. Klamer zou.

Vu, datt et jo am Mënsch senger Natur läit, sech permanent weider z'entwéckelen, resp. sech d'Liewen ze vereinfachen, huet och de Selfie bannt kuerzer Zäit eng remarquabel Verwandelung opweises. Deen ausgestreckten Aarm mécht midd an dowéinst gëtt de Smartphone ewell ëmmer méi dacks mat enger Zort Bengel an d'Luucht gehalen, deem sougenannte "Selfie-Stick". A wien et nach eppes méi exklusiv a global wëll, léisst sech vun der eegener Drohn an d'Zeen setzen.

Ech sinn dann och gespaant wéi vill Boken an nächster Zäit hire Portrait ronderëm de Planéit posten. Hinne sief just an Erënnerung geruff: den Internet vergësst net - och net an der Fuesent.

An da ginn et jo nach Leit, déi sech selwer net méi kënne gesinn. Déi posen neierdéngs mat engem "Belfie", e "bottom selfie", fir et op de Punkt ze bréngen: engem selwer-geknipste Bild vum eegenen Hënner. Dat nennt een da wuel analog Fotografie ...

AUDIO: Apropos