Lift

E gëllt als sécherst Verkéiersmëttel. Wolkenkratzer goufen duerch hien eréischt méiglech. An déi éischt Wolkenkratzer hunn iwwregens net Wolkenkratzer geheescht, mee elevator buildings.
Eh jo, de Lift. Eng ganz komesch Plaz. D’Klaustrophobie ass duerch hien eréischt esou richteg opkoum. E suergt fir Irritatioun. Bal keen trëtt souverän do dran op. T’geet schonn u mam Eraklammen. Wat Der vill vun eis evitéiere wëllen, trëtt noutgedrongen an. Du gëss den Zentrum vun der Opmierksamkeet. All Ae sinn op dech geriicht, op kuerzer Distanz. Lauter Friemer an denger Confortzon, an denger Intimsphär.
Kierperberéierungen widderstriewen eisem natierlechen Instinkt. Kanns net op Ofstand goen. Eenzegen Entertainment sinn d’Etagenummeren fir déi héiflech Netbeuechtung vun all deenen aneren z’iwwerspillen. T’geschitt näischt Interessantes.
T’ass deen eenzege Raum, dee sech bewege kann, awer – t’ass och de klengsten a beklemmste Raum. Mer mussen eis deem Raum ausliwweren, an deem der Friemer um Pelz stinn. Néierewou soss wéi an engem Lift huet een esou Schwieregkeeten, fir seng Friemheet kënnen ze halen. Net einfach, seng Indifferenz, seng Bezéiungslosegkeet zu deenen aneren op deem enke Raum duerzestellen.
Normalerweis, beim ëffentleche flüchtege Begéine mat Frieme bewege mer eis fir d’éischt openeen zou, aus sécherer Distanz gëtt sech beobacht, a wann ee sech da méi no kéint, kuckt een anzwousch anescht, bis ee laascht ass. Sech am Lift begénien dauert dofir einfach ze laang. Dat schäinhellegt Begéinen ouni sech ze begéinen fonctionnéiert do net. T’ass ee sech kierperlech einfach ze no.
Hoffe mer, dass d’Alternativ Trap net iergendeemol ofgeschaf gëtt.