Achterbunn am Kapp

Wa Vältesdag a „50 shades of grey“ op een Dag zesummefalen, da sinn d'Kinossäll grad sou struppevoll wéi d'Restauranten an d'rout Rouse sinn ausverkaaft. D'Christiane Kremer wollt dem Phänomen emol op de Grond goen. Net deem vum Film an och net deem vum Dag, mä einfach deem vum Zoustand. Apropos „Achterbunn am Kapp“.
Den Hypothalamus ass ganz aktiv. Am Nucleus accumbens sëtze Rezepteuren, déi drop waarden, ausgeléist ze ginn, besonnesch wa se vu verschiddene Stoffer beaflosst ginn. De Kierper produzéiert Dopamin drop an derwidder, dogéint geet d'Produktioun vu Serotonin erof. D'Stresshormoner Adrenalin a Cortisol klammen. Wat mat sech bréngt, datt d'Konzentratioun dacks noléisst oder sech just op eppes bezéie kann?
Komplizéiert Struktur, wat do am mënschleche Kierper geschitt - da wann d'Gehir sou richteg drogéiert gëtt. Op alle Fall wann et Iech de leschte Samschdeg sou war, da war äre Vältesdag reusséiert. Mä dann ass är Drog keen Tubak, keen Alkohol a keng aner nach méi kriddeleg Substanz - dann ass är Drog äre Partner oder deen, deen Iech grad gutt gefält, well da sidd Der verléift. Wéi onromantesch dat kléngt, wann een et sou rational erkläert, woubäi et alles anescht wéi rational ass. De Platon sot schonn emol „D'Léift ass eng psychesch Krankheet“.
Ma wien eemol dat Gefill do a sech schaffe spiert, wëll et op kee Fall sou séier nees lass ginn. Op all Éiwegkeet hält deen Zoustand awer net, dat wier där Extase och bal e bëssi ze vill. Quasi eng Iwwerustrengung, well de Kierper ass an deem selwechten Zoustand, wéi wann en an enger geféierlecher Situatioun wier; zum Beispill op engem opreegende Spill wéi enger Achterbunn.
Lo kann ee sech och nach d'Fro stellen: Wat ass dann elo fir d'éischt do? D'Konstellatioun vun den Hormoner, déi verréckt spillen a da verléift ee sech? Oder verléift ee sech fir d'éischt an da spillen d'Hormoner verréckt? Eng Äntwert wëssen och d'Wëssenschaftler net - et ass wéi beim Hong a beim Ee. An eigentlech och gutt, datt een dat net weess. Soss wier alles jo sou einfach ze plangen. An esou rational.
Bleift nach d'Fro - wat maachen, wann deen Ausnamezoustand vun den Hormoner nees ophält? Am beschte kucken, datt dann d'Hormon Oxytocin aktiv ass - de sougenannte „Kuschelhormon“, deen och bei der Gebuert eng wichteg Roll spillt.
Oder op déi nächst Achterbunn waarden. An déi kënnt jo wuel méi séier, wéi deen nächste Vältesdag.