Wéi mer gëschter Moien opgestane sinn, war d'Lëtzebuerger Welt wäiss, obwuel mer der Traditioun no, e Sonndeg de Wanter verbrannt hunn. Fir déi vill, déi aus der Schivakanz grad erëm komm sinn, war et op d'mannst kee Wiederschock. Mä Schnéi ass net gläich Schnéi, seet d'Christiane Kremer am Apropos vun haut.

Vrun 3 Woche war ech an de Schnéi gefuer - also an d'Bierger, duer wou ee jo och wierklech wëll, datt da Schnéi läit, wann een do ass. Einfach fir den Tapéitewiessel, eben eppes anescht: en anere Panorama, eng aner Ambiance, eng aner Vue, eng aner Faarf: just wäiss. Deemno fir dat ze hunn, wat mer déi lescht Wanteren, vrun allem dee leschten, bei eis net méi haten.
Den Dag, virun 3 Wochen, ier ech mech mam Auto an d'Schnéivakanz gemaach hunn, ass hei zu Lëtzebuerg Schnéi gefall - einfach esou op engem Freideg Mëtteg. Alles war wäiss an op de Stroossen hunn d'Autoe probéiert ze zirkuléieren. Bal ëmsoss, vill sinn der net viru koum, hu laang misse waarden, jee, de Chaos op de Stroosse war perfekt.
Eng Grëtz Angscht war et mer, fir samschdes moies déi iwwer 650 Kilometer unzetrieden, trotz de Schnéiketten hannendran. Um Enn hunn ech se guer net gebraucht, weder hei nach do.
Och wa souwuel hei wéi do Schnéi louch an och vun hei bis do.
Déi Woch am Schnéi op 1500 Meter war einfach nëmme flott. Matten an der wäisser Landschaft sot eng vun de Frëndinnen, nodeems mer och vun neiem Schnéi zu Lëtzebuerg gewuer gi sinn: „Hei ass de Schnéi awer vill méi roueg.“
Ee Moment war et doropshi roueg. Am rouege Schnéi. Bis d'Bedeitung eis sou richteg bewosst ginn ass. Jo de Schnéi war méi roueg, well kee sech driwwer opgereegt huet. Keen en Trottoir fräi geschëppt huet, kee Streedéngscht ënnerwee war, kee béis gekuckt huet, wann een de Schnéi an d'Haus geschleeft huet, kee sech opgereegt huet, well dee virdrun sou lues ënnerwee war.
Oder war et just, well mir sou roueg waren.
Well mer néierens festsouzen. Well mer net genervt waren, eis net hu mussen ëm d'Schnéischëpp këmmeren oder d'Wanterpneuen, oder well mer net hu mussen um souvill Auer op der Aarbecht oder soss engem Rendez-vous sinn.
Gëschter Moien hunn ech erëm un dee rouege Schnéi geduecht. Gëschter Moien, wéi ech opgestane sinn a gesinn hunn, datt och hei de Schnéi sech nees heemlech a roueg iwwer Nuecht ausgebreet hat.