Schéin … wat ass scho schéin? Zum Rubens senger Zäit am 17te Jorhonnert waren et nach Fraen, déi vill Fleesch op de Schanken haten. Haut sinn et anscheinend Fraen, bei deenen een d’Schanken duerch d’Fleesch soll gesinn. Den Daniel Nepgen grueft haut nach e bësse méi déif: wat soen esou Schéinheetsidealer iwwert eist Rolleverständnis aus?

De Mann kann, soll, jo muss scho bal erëm e Baart hunn. E Schnurres geet net duer, mëttlerweil leeft de Mann vu Welt doruechter wéi en Taliban. E Bild, dat ech wéini zoufälleg um Internet gesinn hunn, huet mech op eng interessant Entwécklung opmierksam gemaach. Als Iwwerschrëft steet „Evolución“ drop, an da gesäit een a véier klenge Biller, wéi sech de Baart beim Mann vun de 70er Jore bis haut entwéckelt huet. Virun de 70s war anscheinend dat glat raséiert nach den Normalfall. Du koum de Schnurres, an den 90er Joren den „Henriquatre“ ronderëm de Mond an den Dräitagebaart, an haut si mer beim extreme Vollbart ukomm. Dat witzegt ass: driwwer gesäit ee parallel d’Entwécklung vun der Hoerpracht, déi d’Fra am Intimberäich hat. Do war fréier den ongetrimmten Dschungel ënnen erëm Standard, du koum de gefleegten Dräieck, an den 90er Joren déi schmuel Landepist, an haut … näischt méi. Keen een Hoer. Et ass genee déi ëmgekéiert Entwécklung wéi beim Mann.

Ob dat esou genee op déi lescht Jorzéngte passt, sief dohigestallt. Mä kann et sinn, dass mer trotz der Emanzipatioun vun der Fra an der Beméiung, d’Geschlechter gläich ze stellen iwwert de Wee vun de Buuschten e Ventil fonnt hunn, fir awer nach op mannst e bëssen déi fréier Rollenopdeelung ze behalen? De graffen, virile Mann léisst alles wuessen, wat wiisst, an d’Fra, dat rengt, fragillt Wiesen ass douce a glat wéi eng Forell? Sinn d’Hoer déi lescht Bastioun vum traditionelle Rolleverständnis? E bësse schonn. Scho bei den Ägypter war den zeremonielle Baart beim Pharao en Zeeche fir seng Omnipotenz. Um Baart konnt een ofliesen, wéi de soziale Status vun engem Mënsch war. A bei de Fraen? Egal ob Ägypter, Griechen, Réimer, Muslimen, Judden: d’Hoer um Venushiwwel solle regelméisseg gestutzt ginn, oder am beschte ganz fort. Perioden an der Geschicht, wou Mann a Fra dat alles ëmgedréint gesinn hunn, waren anscheinend Ausnahmen. An natierlech d’Japaner, wéi ëmmer …Fraen, déi ënnen erëm net vill Hoer hunn, doen do esouguer extra Intimparrécken un, fir dass si sech awer weiblech spieren.

Mä soss gëllt am Moment: de glatraséierten, metrosexuelle Mann ass Schnéi vu gëschter, an d’Fra iwwerléisst him den Terrain vum hoerege Kierperschmuck op der Geschlechterspillwiss fräiwëlleg. D’Trennung ass eigentlech perfekt. Vläicht gëtt et jo Saachen, déi mer trotz aller Ustrengung einfach net geännert kréien. Mann a Fra sollen op Aenhéicht sinn, dat ass richteg esou … mä d’selwecht wäerte mir ni sinn, weder physesch nach psychesch. Firwat géing een och soss vu senger „besserer Halschent“ schwätzen?

Apropos: Buuschten
RTL