Zënter e Freideg ass de ganzen Universum am Trauer, „unendliche Weiten“ hunn ee vun hire Beschte verluer. De Mr Spock ass net méi. De Mann mat de spatzen Oueren an dem grénge Blutt an den Oderen ass jidderengem e Begrëff, ob ee sech elo bei Star Trek auskannt huet oder déi Welt engem awer friem bliwwen ass. Dem Christiane Kremer ass de Leonard Nimoy och en Apropos wäert, dee Mann, deen de Mr Spock war: e Vulkanier- kee Klingon.

Definitiv wéi Klingonen a Romulaner a wéi se all heesche bis u Bord vun der Star Trek-Serie waren, war fir mech déi onendlech Welt onendlech komplizéiert ginn. Iergendwéi krut ech dunn net méi ausernee gehalen, wien dann elo vu wéi engem Planet, aus wéi enger Generatioun oder vu wéi enger Spezie wier. Dat war och net ëmmer einfach, wann ech déi Episoden op der Tele matgekuckt hunn a mer e Spaass draus gemaach hunn alles duercherneen ze geheien.
An den éischte Staffelen an deenen de Captain Kirk nach um Rudder war a sech mam éischte Kommandant Spock hin- an hierbeame gelooss huet, war ech och nach an där Science-Fiction-Geschicht dran. Dunn hunn ech awer den Iwwerbléck verluer a sinn net méi mat der Zäit mat virukomm, mä am 23te Joerhonnert hänke bliwwen. Definitiv, ech hu keng Talenter fir en „Nerd“- sou nennt ee jo déi Mënschen, déi sech komplett a Beräicher wéi Computer oder Sci-Fi verdéiwe kënnen.
An awer huet et mech de leschte Freideg och beréiert, wéi d'Nouvelle koum, datt de Mr Spock alias Leonard Nimoy dout wier. Hien huet eis schonn all beandrockt: do waren déi spatz Oueren, déi héich Aperhoer, déi riicht Schienn, dat omnipräsent Wuert „Fascinating“, an dee berühmte Vulkanier-Handgrouss. An dee Mann war jo sou eppes vu logesch, heiansdo hat een en plus d'Impressioun e war deen eenzeg Serieuxen an deem Raumschiff-Enterprise-Krabbekuerf. De Mr Spock war einfach quelqu'un an e war et bis zum Schluss. Egal wéi eng Generatioun ee mir genannt oder gewisen huet, soubal dat Wuert Star Trek gefall ass, ass mir ëmmer nëmmen een Numm an de Kapp komm: Mr Spock.
Dee berühmteste Vulkanier - jo Luss, ech weess, et war e Vulkanier, kee Klingon - huet nach den 23. Februar getwittert: „D'Liewen ass wéi e Gaart. Perfekt Momenter kënnen erlieft, awer net erhale ginn, ausser an der Erënnerung. Live long and prosper.“
So do you, Mr Spock!

AUDIO: 03/03/2015 Apropos "E Vulkanier - kee Klingon!"