De Problem mam Präbbeli

D'Fréijoer hei zu Lëtzebuerg ass jo nunn emol dacks eng verreenten Zäit. Do ass e Präbbeli net vu Muttwëll. D'Bea Kneip hat allerdéngs esou seng Problemer mam Präbbeli...
De ganze Misär huet ugefaangen, wéi ech mer en neie Mantel kaaft hunn. E ganz flotte Mantel, awer leider huet e keng Kaputz. Mécht näischt, duecht ech mer, an hu mer prompt e Präbbeli an därselwechter Faarf dobäi kaaft. Kee grousse Präbbel,i deen engem souwisou ëmmer am Wee ass, nee, esou e klengen, prakteschen, deen ee kamout zesummeklappe kann an deen dann och an d’Posch passt. Ech war souguer e bëssen houfreg, wéi et du fir d’éischte Kéier gereent huet, hu mäin neie Präbbeli ausgepaakt an opgespaant. Oder, besser gesot, ech hu probéiert en opzespanen. Well dat ondugent Stéck wollt einfach net aklicken an ass also net opgespaant bliwwen.
Ech hu bestëmmt eng hallef Dose Mol misste probéieren bis en endlech op bliwwen ass. Zu deem Ament wier et zwar egal gewiescht, ech war souwisou schonn zoppnaass, mä et war einfach eng Fro vum Prinzip, Dir verstitt. A grad, wéi ech mengem Präbbeli onmëssverständlech ze verstoe ginn hat, wien hei Här a Meeschter wier, koum e Wandstouss, an huet mer en ëmgediebelt.
Heiansdo kann een einfach net gewannen. A firwat ass esou e Präbbeli iwwerhaapt gutt?
Duecht ech, bis ech du gelies hunn dass an enger Stad an Holland d’Leit gerode kruten fir nuets net ouni Präbbeli aus dem Haus ze goen. Do ass anscheinend eng ganz aggressiv Eil ënnerwee, déi d’Leit ouni Grond ugräift an der schonn en etlech blesséiert huet. Also ass esou e Präbbeli awer fir eppes ze gebrauchen! A just am Fall, wou dësen “Hibou Grand Duc”, well sou heescht dat rosent Fiedervéi, op d’Iddi kéim an den nootste Grand-Duché auszewanderen, kafen ech mer dach léiwer en neie Präbbeli! Just keen méi esou e kleesperen, mä e richteg zolitten!
AUDIO: 05/03/2015 Apropos: "De Problem mam Präbbeli"