Sënn

Wann dech däi Kand nom Sënn vum Liewe géing froen, wat géings de him äntweren?
Dass et säi Liewen net verplempere soll
Dass et probéiere soll, eppes aus sengem Liewen ze maachen
Dass, wann et iergend en Talent huet, et soll nëtzen
Dass, wann et eppes gëtt, wat et besonnesch gär mécht, et soll maachen
Dass et net aner soll fir sech entscheede loossen
Dass et net fir anerer mä fir sech selwer soll liewen
Wat fir e Sënn huet d’Liewen? Wahrscheinlech guer keen. Well – géing et ee ginn, misste mer en da net scho laang kennen, misste mer e nit kloer virun den Aen hunn, d’Fundament vun allem duerstellen? Do misst et dach eemol knuppen, an da misst en einfach do sinn!
Mee – egal, vill vun eis siche wéi benzeg no engem Sënn vum Liewen. Alles gëtt a Fro gestallt, t’gëtt tëscht den Zeile gelies, t’gi Saachen héieren, déi ni gesot goufen, iwwerall gëtt eppes eran- oder eraus interpretéiert.
Et gëtt probéiert...
... méi erauszehuelen, wéi drastécht,
... sech selwer besser ze presentéieren, wéi een ass.
An ëmmer op der Sich no deem verfléxte Sënn. Dobäi ass d’Liewe jo awer keng Exklusiv-Manifestatioun fir eis Mënschen. Déieren a Planze liewen och. An déi maachen sech keng Gedanken iwwert e Liewenssënn. Keen Eechebam stellt sech d’Fro: „Firwat sinn ech am Bësch? A keen Iesel mécht sech Gedanken, dass hien en Iesel ass.
Mee well mer déi houfregst Liewewiese sinn, siche mer dauernd no engem héije Sënn vum Liewen.
Eist Gehir ass permanent dermat beschäftegt, alles, wat mer gesinn, héieren, richen, fillen, schmaachen op eng Bedeitung ze checken, eis dran ze gesinn.
Mer si wuel ze intelligent ginn, fir de Moment einfach ze genéissen, eis einfach goen ze loossen, net iwwerall e Sënn ze gesinn an ze sichen.