Entreprise Geckenhaus

Stellt Iech emol vir, einfach esou ... stellt Iech vir, Äre Bäcker ging näischt méi gebak kréien. Seng Rezepter ongenéissbar, säi Brout verbrannt, seng Mëtsche versalzt. Wat ging mat deem geschéien? Säi Chef ging en erausgeheien. Oder – wann e selwer de Chef wier, ging kee méi eppes bei e kafe goen. E wier um Enn. Iergendwéi jo och logesch, ... oder? Oder nit?
Naja, - wann e Manager näischt gebak kritt, wa seng Strategien näischt daachen, seng Decisioune just Geld kaschten, wa näischt méi dréint, dann, dann, jo dann emol näischt. Da bleift en emol Manager an da rifft en Hëllef. Dann trëtt eng Ekonomiesbranche op d’Tapéit, déi wéi klorrosen d’Managerpannen sicht, riicht béit. Vläicht.
Mä, do wou et meeschtens sténkt, kënnne se nit gutt d’Iwwel bei der Wuerzel paken, well vun do kéint jo hiren Optrag. Also – statt an der Geckenhaus-Direktioun vläicht ze mëschten, kréien déi emol fir unzefänken awer eng passabel Zensur ausgestallt, obwuel se, nee well se jo awer... Der wësst schonn. A bal ni ass den Ëmsaz vun der Entreprise ze niddereg, awer ëmmer d’Personalkäschten ze héich. Also gëtt emol ënne geplëmmt. Do schéissen déi „Expert-Consulteren“ dann emol Leit of, déi herno vir an hanne feelen. Mä wouhier sollen déi dat och wëssen. Si si manner informéiert, wéi de Student, dee grad just e Stage vun 3 Wochen do mécht.
Tjo, firwat gëtt e Manager nit behandelt, wéi eise Bäcker? Säi Resultat gëtt direkt gemooss. An der Nuecht e Bock geschoss, mueres d’Wuer versaut.
An der Manager-Strategie leeën s all Dag Brout an den Uewen, vun deem se mat Kalkül behaapten, dass et eréischt an e puer Joer fäerdeg ass. An all nei Dommheet gëtt als héichgescheite Plang verkaaft.
An dann, wann op eemol Damp an der Entreprise hirer Bakstuff ass, da kommen se: D’Consultants mat hiren Trainees a Coachees, Mentees a Consultantees, Berodees a Begleedees. Da wëllen se nach retten, wat dacks nit méi ze retten ass.
An dann used déi multiplizéiert Inkompetenz do de brain fir de Probleem ze stormen. Wann et nit esou traureg wier, kéinst de dech vreckt laachen.