Wann een de Bock zum Futtballist mécht

Freed ass eppes Schéines a Freed soll ee jo och weise kënnen, sou laang et soss kengem wéi deet, mengt d'Christiane Kremer am Apropos vun haut.
En hätt jo villes kënne maachen, de Spiller vum FC Köln, nodeems e säi Gol geschoss hat an doduerch mat derfir gesuergt hat, datt säi Veräin, eréischt fir d'zweete Kéier dës Saison, doheem gewonnen huet. En hätt kënnen den Trikot ausdoen, de Corner-Fändel aus dem Terrain rappen, oder ronderëm danzen, hannert d'Ofspärung lafen, op d'Gitter klamme fir mat de Fans ze sangen, e Salto schloen, sech vun de Spiller an d'Luucht geheie loossen, dem Géigner dee mëttelste Fanger weisen, dem Matspiller e Kuss op d'Stier drécken, dem Trainer op den Halzebockel sprangen… Gutt déi eng oder aner giel Kaart hätt dat jo mat sech bruecht, well ze vill Freed oder ze vill ausgeloosse Freed ass jo net erlaabt, kascht Zäit a muss dofir direkt ënnerbonne ginn. Sou wëllt et d'FIFA-Reglement.

© AFP
Mä nee, wat mécht en: en hëlt de Bock bei den Haren. De Geessebock Hennes den Aachten, senges Zeeche Maskottchen, dee schonn all zwou Wochen egal bei wéi enge Wiederkonditiounen am Stadion als Eenzege vu senger Zuucht muss nokucken, wann 22 Männer engem Ball nolafen an eng 50.000 dat och nach gutt fannen a sangen a laachen, oder am Fong meeschtens kräischen a lamentéiere, dee muss sech dann, op engem sonnegen Sonndeg, an deem hien am Zoo gemittlech hätt kënnen op der Wiss säi Gebuertsdag mat vill frëschem Gréngs feieren, Haren opsetze loossen. Datt dat Béischt dem Goalgetter dunn net gewisen huet, wou de Bock d'Lach huet, war wuel eng Chancesaach oder dem Reflex vun deenen ze verdanken, déi op hien opgepasst hunn.
Domadder hat de Kölner Stiermer e Sonndeg also gläich zweemol getraff: fir d'éischt huet en e Gol an du nach e Bock geschoss, well den Déiereschützer no ass dat en absoluten No-Go. Vläicht kann d'FIFA jo och an déi laang Lëscht, vun deem wat net geet, wann een e Gol feiert, schreiwen: Bockeg ginn!

© AFP
Eng Entschëllegung ass entretemps och getwittert ginn. Den erféierte Bock hätt sech sécher méi iwwer e puer Muerten als Entschëllegung gefreet, sou wéi de selwechte Spiller dat schonn emol vrun 2 Joer gemaach huet.
Souwäit sou gutt- zu Köln halen se de Bock awer wuel nach e Joer. Egal a wéi enger Liga.
