Lëtzebuerger Sprooch

Déi lescht Woch huet de gréngen Deputéierten Claude Adam op RTL ee Saz proposéiert, deen an déi nei Constitutioun vum Land soll kommen. Deemno soll déi lëtzebuerger Sprooch nach méi ee feste, präzise Kader kréien. De Gérard Floener fënnt, datt et awer nach ee ganz wäite Wee ass, bis déi Iddi och an der lëtzebuerger Realitéit ukënnt.
"La langue du Luxembourg est le luxembourgeois", dat ass d'Propose, déi dann och op franséisch géif an d'Constitutioun stoe kéim, am domat schonn déi ganz Iddi ad absurdum féiert.
Mä dovun ofgesinn, ginn et nach vill aner Beispiller, déi ënnersträichen wéi wäit d'Realitéit dovun ewech ass. Ouni elo iwwert déi geplangten, zukünfteg zweesproocheg Crèche wëllen ze schwätzen, déi am Fong jo och an eng aner Richtung ginn, fale mir am Alldag grouss Lächer am Ëmgank mat der lëtzebuerger Sprooch op.
Zum Beispill an der Schoul. An der Grondschoul hu meng Kanner 2 Stonne Lëtzebuergesch um Stonneplang stoen. A wat léiere si do? Si kucke Filmer! Op Däitsch!
Virun der Fuesent hu si dunn awer ee lëtzebuergescht Lidd geléiert. "Zwou Bulle Mokka" vum Fausti. Näischt géint de Fausti, mä fir Kanner ginn et besser Alternative vu lëtzebuerger Lidder, déi si léiere kéinten.
Oder si molen. Do ass och näischt dogéint ze soen. Mä wann dann ënnert dem Bild steet "Ech ginn liichten mat mengem selwergebastelten Lampion", dann fannen ech dat engersäits léif, anerersäits deet et mir awer och wéi, wann an engem Saz dräi Fehler dra sinn.
Wa scho lëtzebuergesch an der Schoul um Stonneplang steet, da muss d'Personal, dat déi Stonnen hält, och déi néideg Formatioun kréien, datt si där Aufgab och gewuess sinn. Well wa Lëtzebuergesch d'Sprooch vum Land ass, dann ass et och wichteg, datt et eng Méiglechkeet gëtt, déi Sprooch esou richteg ewéi méiglech ze vermëttelen. Dat huet d'Sozial- a Sproochewëssenschaftlerin Mélanie Wagner vun der Uni Lëtzebuerg d'lescht Woch jo och scho gesot.
Mä net nëmmen d'Schoul muss eng Virbildfunktioun hunn, wann d'Iddi soll wouer ginn. Och an den Administratiounen muss d'Lëtzebuergescht méi eescht geholl ginn. Liest mol an der Stad d'Panneauen, déi och op lëtzebuergesch verschidden Attraktiounen an der Stad beschreiwen. Wann de Vaubans Pad e puer elegant befestegt Brécken iwwerquiert, deet déi Formulatioun mir wéi.

A wann Dir déi nächste Kéier an der Stad op de Bierger-Center gitt, da passt emol op, wat um Schierm steet, op deem Dir Iech en Ticket mat Ärer Nummer zéie kënnt: Français, Deutsch an English.

"La langue du Luxembourg est le luxembourgeois". Wien et gleeft. Mä Pabeier ass jo gedëlleg!