Den Apropos vun haut huet dee selwechten Titel wéi dem Donato Rotunno säi Film, deen den Ament am Kino leeft an deen op dem Buch „Amok“ vum Tullio Forgiarini baséiert. D'Christiane Kremer fënnt, datt deen Titel op méi Manéier passt.

Baby(a)lone ass natierlech eng Duebel-Wuertspillerei, déi dem Claude Frisoni agefall ass, sou gouf bei der Première vum Film verroden an déi an engem Wuert ausdréckt wéi eleng Jonker sech kënne fillen a wéi wéineg se nach kënne mat hirer Ëmwelt kommunikéieren. Besonnesch wann déi Ëmwelt net matkritt wéi wichteg et ass, dëse Jonken, déi physesch quasi nach Kanner sinn a psychesch scho wéi desabuséiert Erwuessener wierken, ze hëllefen hire Wee ze fannen. De Langage ass rau, d'Geschicht ass rau, d'Liewenskonditioune si rau am Film, mä et gëtt een d'Gefill net lass, datt net alles fiktiv, mä villes no un der Realitéit ass. Och zu Lëtzebuerg. An dat ongutt Gefill wierkt laang no.

Absolut keng Fiktioun sinn dann och déi erschréckend Biller an Zuelen, déi lescht Woch vun der UNICEF publizéiert goufen: 14 Millioune Kanner sinn direkt oder indirekt vum Krich a Syrien betraff, 10 000 koumen der am Konflikt ëm d'Liewen. An all déi aner hunn entweder keen Doheem, keng Schoul, keng Spillplaz, keng gesond Ernährung, keng Rou a kee Moment vun onbeschwéiertem Glécksgefill.

Eng Realitéit, déi bal net ze faassen ass. An et ass nëmmen eng. Wéi vill anerer ginn et nach: a Krichs- oder Konflikt- oder Katastrophegebitter?

„Baby(a)lone“ en trauregt Wuert, datt op sou villes passt, wat op der Welt net klappt. A wann de Film eis och nëmmen e bëssi oprëselt an nowierkt, dann hoffentlech awer esou, datt mer d'Aen ophalen an agéieren am Sënn vun alle Kanner op der Welt.

AUDIO: 17/03/2015 APROPOS "BABY ALONE"