Wat zesummenhält

Weisen, wéi frou ee mateneen ass, dat kann ee sécher op verschidde Manéieren! Ëmmer méi huet et sech agebiergert, datt ee seng éiweg Léift mat engem Schlass un engem Bréckegelänner festmécht. Och zu Lëtzebuerg hänke sougenannte Liebesschlösser, allerdéngs op enger symbolesch interessanter Plaz.
Wann een duerch eng Stad trëppelt, begéint een iergendwann enger Bréck där hiert Gelänner vun elauter Schlässer agespaart gouf. Sou massiv, datt zu Paräis lescht Joer schonn ee Bréckegelänner ënnert dem Gewicht zesummegebrach ass. Op anere Plaze gëtt deen originellen a vum Message hir jo ganz positive Gebrauch awer scho verbueden. Net vu Spillverdierwer an och net vu Jalousen, mä vun den ëffentlechen Instanzen, déi d'Gefor vum Iwwergewicht an d'Verschampléierung vun historesche Plaze fäerten.
Alles dat wëllen d'Leit, déi hir Schlässer ophänken, jo sécher net. Si sichen e Wee ze weisen, wéi déif hir Gefiller sinn a wéi staark hir Relatioun. Dofir brauch een dann och e bëssi Symbolik: e Schlass, dat fest zesummen hält an eng Bréck, déi verbënnt. Voller Symbolik ass dann awer och déi Plaz, op där ech gëschter där verléifter Schlässer begéint hunn: um Gelänner vun der Corniche, där wuel schéinster Promenade an eiser Haaptstad, déi matten an der Alstad Uewer- an Ënnerstad, Bockfiels an Helleg-Geescht-Plateau, Natur a Kultur a gëschter an haut matenee verbënnt.
Oder och déi verschidde Bedeitunge vun sou engem Verschluss. Wéi ech mer ee Schlass méi genee wollt ukucken, ass mäi Bléck onbewosst op ee Gebai am Gronn gefall, fir dat e Schlass fréier definitiv eng aner Symbolik hat. Do huet festhalen eppes anescht geheescht, do huet zouspären eppes anescht geheescht. An do huet Zäit eppes anescht geheescht.

Ech schwätzen natierlech vun der Abtei Neimënster, oder vill méi dem fréiere Prisong, do wou wuel deem engen oder deem aneren d'Zäit laang ginn ass.
Haut huet een dacks d'Impressioun, datt och an der Léift dacks d'Zäit laang gëtt, och wann alles nach frësch a jonk ass.
Datt et awer och anescht geet, hunn ech dunn un engem roude Schlass um Gelänner gesinn, op deem ënner den zwee Nimm de Joresdatum 1954 steet. Ob dat wierklech fir eng Diamantenhochzäit war?