Zivilcourage

D'Aktualitéit verschount eis den Ament net mat ëmmer nees neie Katastrophemeldungen vun hei an aus der Welt. Meldungen, déi een dacks net ka gleewen oder déi een net wëll héieren. Wéi gutt, datt et och nach anescht geet, mengt d'Christiane Kremer a gëtt dem Apropos vun haut e positiven Titel „Zivilcourage“.
Iergendwéi ginn se ëmmer ënner, oder kommen ze kuerz oder ze spéit, well einfach keng Plaz méi fir se ass, well se sou an den Hannergrond geroden. Dobäi wieren se sou iwweraus wichteg, scho bal lieweswichteg fir eis am Alldag dach e bëssi an der Luucht an an der Riicht ze halen, fir eis net an der Loft hänken ze loosse mat all eise Froen a Suergen an Ängschten.
Ech schwätze vun de gudden Noriichten, déi sou seelen op der éischter Plaz an der Aktualitéit stinn, déi sou ongerecht nieft all deene Katatstrophemeldungen, déi eis permanent betreffen, verblatzen. Jo et ass natierlech net einfach nach positiv Geschichten opzefänken, wann ee vu Hiobsbotschafte quasi iwwerrannt gëtt: vu Gewalt, vu Krich, vun Onrou, vun Terror, vun Ongerechtegkeet oder Accidenter, vun Evenementer, bei deene mer net méi verstinn, wéi esou eppes ka méiglech sinn. Ausserdeem ass ee bal verleeë fir zouzeginn, datt ee sech dach och ganz gär mat klengen, witzegen oder souguer romantesche Geschichten oder e bëssi Gossip oflenke léisst. Well ëmmerhi gëtt et „sou vill Misère an der Welt, iwwer deen ee sech soll Gedanke maachen“.
En Zitat, dat mer dach schonn alleguer héieren an och selwer gesot hunn.
Grad aus deem Grond gräifen ech haut op e Mail zeréck, dee lescht Woch bei eis erakomm ass. E Mail vun enger Fra, déi eis geschriwwen huet, datt si am hellechten Dag a quasi matten an enger Stater Strooss an där vill Betrib ass, iwwerfall ginn aus. Jo, dat kléngt och nees no traureger Nouvelle. Den Täter wollt hir d'Posch ewechhuelen, si huet sech gewiert an ëm Hëllef geruff. A si krut Hëllef.
„Net manner“, sou schreift se „wéi néng Leit hu mir gehollef, vläicht souguer méi. Déi eng hunn d'Police geruff, déi aner sinn aus hiren Autoe gesprongen, hunn de Mann vu mir ewech gerappt (deen amgaange war op mech anzeschloen) an Anerer hu sech ëm mech gekëmmert.
Ech fannen dat immens an esou eppes sollt een och publik maachen.“
Dat maachen ech hei gären, besonnesch fir ze weisen, datt Zivilcourage also net just e Wuert ass! „Zivilcourage“ ass et awer och fir an enger Situatioun, an där een d'Affer vun enger Gewaltdot gëtt, vrun allem dat Positiivt ervirzehiewen.