Wien en Hoer an der Zopp fanne wëll, dee fënnt meeschtens och eent. Et muss awer net onbedéngt an all Zopp an Hoer dra sinn, mengt d'Bea Kneip

Als Kand hat ech ëmmer gären déi Spiller wou een zwou Zeechnungen huet misste matenee vergläichen an déi 7, 10 oder méi “Feeler” fannen an deenen si sech vuneneen ënnerscheed hunn. Ech hunn et awer e bësse bosseg fonnt, dass dobäi vu Feeler geschwat ginn ass, et ware jo schliesslech just kleng Detailer déi op deenen  zwee Biller anescht waren. Wien kann dann zum Beispill soen dass et méi “richteg” ass e Mupp mat engem roude Collier ze molen wéi mat engem gréngen? Esou ass et jo dacks, eppes wouru mer eis gewinnt hunn, gesi mer meeschtens als “richteg” un an all Verännerung kënnt eis da fir d’éischt emol “falsch” vir. Et hätt e villäicht besser ze soen “sicht den Ënnerscheed” an net de Feeler.
Mä am Feeler-fannen si mer jo am allgemenge ganz gutt. Wien och nëmme gelegentlech op de soziale Medien ënnerwee ass, huet bestëmmt schon emol den een oder anere Shitstorm materliewt. Dobäi gëtt da gemengerhand mam kollektive Fanger op eng Persoun oder eng Grupp vu Persoune gewisen, heiansdo zu Recht, heiansdo awer eben och zu Onrecht.  A wann dat de Fall ass, kann et fatal Konsequenzen fir de Betraffenen hunn. Et sollt een sech et also gutt iwwerleeën wou a wéi ee klickt oder Commentairen hannerléisst, an net op een vun deene sëlleche Fakes erafalen, déi am Internet kurséieren. A jo, an apropos Feeler, wann een der wierklech fanne wëll, da gëtt et e Geheimtipp wou der garantéiert méi wéi genuch sinn. Et ass awer och eng Plaz wou mer normalerweis net duerno  sichen. Bei eis selwer.