An? Wéi laaft Der dann esou duerch d’Liewen? Gesitt an héiert Der nach eppes? Hu Der oder huelt Der Iech nach Zäit, eppes Schéines ze kucken oder ze lauschteren? Sidd Der uechtsam, bewosst, opmierksam, op Zack? Well nëmmen esou kënne mer jo erkennen, spieren, fillen.

Eng richteg geschitte Geschicht, ass schonn e puer Joer hier.

Et war am Metro zu Washington. Do spillt op engem kale Wantermueren e Mann op senger Gei iwwert eng Stonn laang Stécker vu Bach a Schubert. Applaudéiert huet keen. Deem weltbekannte Violonist Joshua Bell, deen do e puer vun de schwéierste Museksstécker gespillt huet, déi jee geschriwwe goufen op enger 3,5 Milliounen deierer Stradivari am Optrag vun der Washington Post, déi e soziaalt Experiment iwwer Wouerhuelen, Geschmaach a Prioritéiten gemeet huet, huet bal kee nogelauschtert. Ca 2000 Leit sinn an deeër Zäit laanscht e gaang.  6 ware stoe bliwwen, hu kuerz nogelauschtert. 20 hunn him Geld ginn, ouni vill méi lues ze maachen, esou beim Laanschtgoen. 32,17 Dollar hat en a senger Geiekëscht leien. An eng Damm hat en erkannt. An all déi aner? Hunn se en iwwerhaapt matkritt? Gesinn an héiere mer iwwerhaapt nach eppes ronderëm eis an eiser hektescher Welt? Kënne mer nach en Talent an engem onerwaarte Kontext erkennen? Wat verpasse mer nit alles, wa mer esou duerch d’Liewen rennen? Hu mer Stëpp an den Oueren, Scheiklappen un?

't schéngt es dach, wa mer mol nit kuerz stoebleiwen, nolauschteren, wann ee vun de beschte Museker eent vun de schéinste Museksstécker op enger vun den deiersten Instrumenter spillt, dat jee gebaut gouf.

Nach eemol zur Fro vum Ufank. Sidd Der uechtsam, laaft Der matt oppenen oder zouenen Oueren an Aen duerch d’Welt? Oder hutt Der Scheiklappen un an d’Oueren mat Kapplauschterer zougestoppt? Héiert Der de Wand duerch d’Beem dauschen, d’Villercher päifen, de Sound vum Liewen dobaussen, de Rhythmus vun Ärem Häerz, oder hutt der nit matkritt, dass d’Hektik vun der Gesellschaft Iech scho matgerappt huet. Dat wier dach Schued, oder nit?

AUDIO: Apropos "Aen an Oueren op"