Eng Diskussioun, déi eis fochst

Et gi se, déi Themen, déi net ophalen a Polemiken an Debatten ausléisen, ëmmer an ëmmer erëm. An heiansdo fochst eis déi Diskussioun just nach, mengt d'Christiane Kremer am Apropos vun haut.
E stoung op eemol vru mer um Trottoir, owes spéit an der Däischtert, wéi ech aus enger Kinosseance heemgaange sinn an ëm den Eck a meng Strooss abéie wollt. Mir hunn eis allen zwee eemol déif an d'Ae gekuckt a wéi ech aus der éischter Iwwerraschung wollt usetze mat Schwätzen, huet en op eemol ganz verleeën Demi-tour gemaach an ass iergendwou tëscht den Haiser an de Wise Richtung Gestrëpp verschwonnen. Ech hunn en net méi erëmgesinn, op alle Fall net bewosst, well bestëmmt war en nach méi wéi eemol am Eck ënnerwee. Kaméidi hat e kee gemaach a gefaart huet hie mech sécher méi wéi ech hien.
Dobäi ass säi Ruff éischter en aneren, dee vum Spëtzbouf, dee sech ëmmer gär op Käschte vun aneren ameséiert a se op d'Schëpp hëlt, wann e wëll zu sengem kommen. A meeschtens kënnt en zu sengem a schonn eleng dofir faszinéiert an inspiréiert en eis esou, wéi soss hätt en et a grouss literaresch Wierker gepackt oder souguer als Robin Hood an de Kino. Hei zu Lëtzebuerg gouf e souguer sou eppes wéi en Nationalheld. Oder bal - um Knuedler matten an der Stad ass hien, nieft dem Wëllem um Päerd an den zwee Léiwe vrun der Gemeng, am Stee veréiwegt. Houfreg bretzt e sech mat sengen Aventuren, ob elo mat där, wou en dem hongerege Wollef eng spillt, oder als gewëtzte Renert, deen net op dem Kinnek säi Fest kënnt.
Natierlech wësst Dir scho laang, vu wiem ech schwätzen, vum Fuuss, dem Fabeldéier, dat den Ament jo sou am Mëttelpunkt steet, datt een heiansdo net weess, ob elo gefuebelt oder gefuddelt gëtt, wann iwwer hie gestridden an debattéiert gëtt, iwwer Tollwut a Bandwuerm, iwwer Gewunnechten a Liewesreim, iwwer eng Plo an eng Gefor.
An heiansdo heemlech fir mech denken ech dann un de Fuuss vu wéini owes a stelle mer vir, datt deen als Schlaumeier just de Kapp rëselt a laacht an aus dem Dicks zitéiert:
„De Fiissche leeft nach fräi a frësch
an ouni Angscht bis haut am Bësch.
Déi aner Wëllef hunn sech déi Geschichtchen iwwerluecht
an dofir geet kee Wollef méi mat engem Fuuss op d'Juegd!“*
* aus "De Wëllefchen an de Fiisschen" vum Dicks