Wat ass dann sou Är léifste Faarf ? Mir ginn d'Fro da mol einfach weider un de Gibbes Bertolo ...

AUDIO: Apropos

Majo ganz kloer: blo ! Ech spillen awer zanter geraumer Zäit mam Gedanke fir d'Faarf eventuell ze wiesselen. Well et ass mer kierzlech eng an de Sënn komm déi ech zwar schonn zanter Joerzéngte gutt kennen an déi mer am Liewen ewell vill Weeër opgemaach huet ( och wann hiren Ubléck dacks mat vill Gedold verbonnen ass ) mä wou ech d'Impressioun hunn, datt ech se ëmmer manner laang gesinn.

Allez, firwat laang ronderëm de Bräi schwätzen: 't ass gréng ! D'Faarf vun der Natur, dem Fréijoer, dem Liewen. Gréng bedeit jonk, frësch, hoffen. Hoffen, datt et duer geet. Fir op déi aner Säit ... vun der Strooss ... ze kommen.

Ech weess jo, datt een net soll träntele wann een den Trottoir wëll wiesselen. Mä wéi ech virun e puer Deeg an der Stad op engem grousse Boulevard bei der Luucht gewaart hunn, ass et mer nees opgefall: Et gouf gréng, ech si mat gesondem Tempo lassmarschéiert a war knapps op hallwer Streck wéi et schonn erëm rout ginn ass. Jo, ech weess: et huet ee jo nach genuch Zäit fir ouni Panik um aneren Ufer unzekommen, an de Phänomen gëtt et jo op der ganzer Welt, an all gréisser Stad. Vläit well gewosst ass, datt der souwisou ëmmer nach iwwerginn, wann dee roude Männi scho laang do ass. Dat hu mer jo alleguer scho mol gemaach, oder? Esou gesi wier déi extrem kuerz gréng Phase just als Noutbrems vun enger Kettereaktioun ze verstoen, déi sech wéinst eiser ugebuerener Net-Disziplin am Stroosseverkéier ëmmer nees vum selwe lass trëppelt.

Am Resumé: e puer Sekonne méi Zäit, zemools fir déi eeler Semester an déi, déi net sou gutt zu Fouss sinn, wieren net vu Muttwëll. Do muss een net onbedéngt no Gréngs glëschten.

Mä ier ech elo hei rout oder schwaarz gesinn, oder mech gréng a giel iergeren, waarden ech alt léiwer op e Wonner. Neen, kee blot. Woumat meng léifste Faarf dann nees déi ass, déi et nach ëmmer war ...