Gëschter koum d'Nouvelle vum Doud vum däitsche Schrëftsteller Günter Grass, dee jo net nëmmen duerch seng Wierker an der Erënnerung bleift, mä grad esou vill duerch seng kriddeleg, politesch Aussoen. Am Apropos vun haut schwätzt d'Christiane Kremer och vun Erënnerungen un hien an nennt en - als Clin d'oeil op säi Bestseller - "D'Bengele bei d'(Blech)tromm".

Et ass keng ongewinnte Streck an déi Adress, laanscht déi ech gefuer sinn, ass net nei. Am Fong ass et sou där Plazen eng, déi ee bal net méi gesäit, well een se ëmmer op sengem Wee ka gesinn. Vrun e puer Deeg war ech net eleng am Auto, hat e gudde Frënd derbäi, dee mech no där Adress gefrot huet, well en se net kannt huet. Ech hunn déi puer praktesch Detailer gesot, déi ech wosst, bis mer op eemol eng Erënnerung an de Kapp komm ass, eng Erënnerung un e léiwen a scho verstuerwenen Aarbechtskolleg, deen alt emol vun där Adress - en Hotel-Restaurant - geschwat huet, well en do Leit logéiert hat, déi op Lëtzebuerg koumen.

E Sonndeg sinn ech nees laanscht déi selwecht Plaz gefuer an hunn nees mussen un de Rausse Misch denken an dorunner, datt ënnert sengen Invitéen och de Günter Grass war, deen hie selwer mol op Lëtzebuerg invitéiert hat. Déi zwee hu sech kannt an de Mich huet dacks a gär iwwer de Grass gepotert, a sengen Emissiounen awer och ganz kritesch seng Bicher beschwat.

A well ech eleng ënnerwee war, si meng Gedanken nach e bëssi beim Grass hänke bliwwen an ech hu mech u mäin éischte Kontakt mat senger Literatur erënnert - jo et war d'Blechtrommel, een Extrait war an eisem Däitschbuch dran, dee wou de Päerdskapp aus dem Waasser gefëscht gouf. D'Buch hunn ech duerno ganz gelies, an dat nach ier de klengen Oscar och am Film sou hell gejaut huet, datt d'Glas a Schierbele gaangen ass.

All dës Gedanken hunn e Sonndeg a mengem Kapp gedréint, allerdéngs nëmme sou laang, bis ech op menger Destinatioun ukomm war.

Dofir hat ech awer gëschter Moien sou eppes wéi en Déjà-Vu, wéi op eemol d'Nouvelle vum Doud vum Günter Grass komm ass an nach méi, wéi ech dunn am Archiv gesicht hunn an eng Emissioun vum Michel Raus vun 1993 fonnt hunn mat Liesung a Gespréich mam Grass.

Dat war schonn en intensive Moment, besonnesch well deen international kommentéierten Doud vum Literaturnobelpräis an dacks politesch onbequeme Gras, sou ganz niewebäi och nees d'Erënnerung un ee vun de Lëtzebuerger Literaturkritiker opliewe gelooss huet.

Ganz sécher wäert ech d'nächste Kéier, wann ech laanscht den Hotel-Restaurant fueren, nach emol un déi zwee denken. Vläicht ginn ech och eran a prosten op se.

AUDIO: 14/04/2015 Apropos "D'Bengele bei d'(Blech)tromm"