Fréier, also ganz fréier, esou virun 2 Millioune Joren, an der Al-Steenzäit, wéi der nach nit ganz vill op der Äerd gelieft hunn, huet de Mënsch als Allesfréisser gelieft. En huet giess, wat e fonnt huet.
D’Natur war säi Super-Marché. 24 Stonnen op 24 op, 7 Deeg op 7. Mat enger riseger Offer: Nëss, Friichten, Knollen, Bieren, Kiewerleken, Schleeken, Champignonen, asw.
Haut ass et eigentlech, oder bal, oder vläicht geschwënn, och erëm esou. Oder esou ähnlech. D'Supermarchéen ëmmer op, 24 Stonnen op 24, 7 Deeg op 7, an 't geet erëm zréck a Richtung Natur. Bio. ’t gëtt erëm méi regional gekacht. An z’iessen kritt een iwwerall. Restauranten, Pizzeriaen, Fritten, Burger- an Dönerbuden, Thai-, China- a Japanlokaler, spuenesch, vietnamesesch, indesch, nepalesesch, a wat nit nach alles, vu Restauranten, Coffee-Shops, Tankstellen, jee iwwerall gëtt et eppes. A vläicht och nach doheem.
Dat Eenzegt, dat ëmmer méi feelt oder an Zukunft nach méi wäert feelen, dat ass – alt erëm eng Kéier – d’Zäit.
Wa se sech déisäit bei eisen däitsche Noperen „gudden Appetit“ wënschen, ass dat Wuert mat dran: „Mahlzeit“.
Statistesch leie mer hei bei liicht iwwer 100 Minutten, déi mer all Dag mat Iessen an Drénke verbréngen.
D’Türken schéngen iwwregens dat Iessen am beschten ze genéissen: 162 Minutten.
A wie wonnert et: Ëm déi 70 Minutten d’Amerikaner an d’Kanadier.
 
An dobäi ass vun eis all gewosst, dass, wie lues ësst, méi Genoss huet. An – 't ass besser fir d’Figur. Séier-Iesser iesse méi wéi déi, déi sech Zäit huelen. Well de Kierper guer keng Zäit huet, fir Sättegungssignaler ze schécken.
 
„D’Iessen ass ee vun de 4 Grënn vum Liewen. Wat fir eng déi aner 3 sinn, dorop sinn ech nach nit koum“, sot de Charles de Montesquieu.
 
Tjo, an op e bessere Schlusssaz sinn ech och nit koum.

AUDIO: Apropos "Zäit fir z'iessen"