Haut ass den Dag vum Buch a vun den Droit-d'auteuren - en Dag, deen als Ophänkert huet, d'Buch an de Mëttelpunkt ze setzen an et ze promovéieren. Dat geschitt iwwerall op der Welt, op déi eng oder aner Manéier. D'Christiane Kremer huet am Apropos de Moien e Buch fonnt, dat en traurege Marketing kritt huet.

AUDIO: Apropos "Posthume Bestseller"

"The Opposite of loneliness" heescht d'Buch vun der jonker amerikanescher Autorin Marina Keegan, dat den 8. Abrëll 2014 erauskomm ass. Posthum, bal zwee Joer no hirem Doud! Elo ass och déi däitsch Iwwersetzung do a grad wéi an den USA iwwerschloe sech d'Kriticken.

D'Geschicht hannert de Geschichten am Buch ass eng tragesch, déi jonk Fra hat just hire Studium un der Yale University ofgeschloss an hat d'Aussiicht op en Job beim Magazin "The New Yorker". 5 Deeg no der Ofschlossfeier koum si am Alter vun 22 Joer bei engem Autosaccident ëm d'Liewen. Hire Frënd war iwwer dem Fueren ageschlof an an d'Leitplank gerannt. D'Marina huet net iwwerlieft.

Hir Elteren hunn decidéiert, eng Partie vun hire Geschichten, Iwwerleeungen an Essaien erauszebréngen. Wie wonnert et, datt dat dramatescht Schicksal vun enger sou jonker, flotter Fra direkt d'Verkafszuelen an d'Luucht dreift? Ass dat gutt? Ass dat eng falsch Manéier, e Buch zum Bestseller ze maachen? Ass dat en ethescht net vertrietbart Verkafsargument? Eng Concurrence déloyale?

Neen, do sinn sech d'Kritiker eens. Jo, et ass duerchaus derwäert, dëst Buch ze liesen. Et weist Iwwerleeunge vun enger jonker Fra vun haut, déi sech Gedanke mécht fir sech a fir hir Generatioun. An déi mat deem, wat se schreift, beweist, datt dës jonk Generatioun besser a méi interesséiert ass, wéi se dacks duergestallt gëtt. An déi duerchaus och kritesch Téin huet fir sech an hiresgläichen. Sou stellt se am Text "Sogar Artischocken haben Zweifel" d'Fro, firwat e Véierel vun de Studente vun hirer Uni awer herno an de Beräich Consulting a Finanze ginn, obwuel se soss dervu gedreemt hunn, Reformen ze maachen, Filmer ze dréien oder Entreprisen ze grënnen, déi eng besonnesch Cause vertrieden.

Vill Gedanken an Texter, déi d'Marina Keegan sécher nach iwwerschafft hätt. Hire Motto war: Et kann een et ëmmer nach besser maachen.

Am leschten Text "Song for the special" steet ze liesen: "Ech sinn neidesch op jiddereen, deen d'Chance kritt, aus dem Graf ze schwätzen."

Wéi traureg, datt dee Wonsch schonn an Erfëllung gaangen ass.

RTL

"Das Gegenteil vun Einsamkeit" heescht déi däitsch Iwwersetzung vum Buch vum Marina Keegan.