Emotional Läinzeechen

Et ginn esou Wierder a Sätz, déi engem am Kapp bleiwen, nodeems een se eemol héieren huet an déi ëmmer erëm optauchen an de Gedanken. E puer sou Sätz huet d'Christiane Kremer am Apropos vun haut festgehalen.
Neen, et sinn net där Sätz, déi iergendwann an enger Encyclopedie vu berühmten Zitater stoe wäerten. Et sinn net där Sätz un déi een direkt d'Persoun festmécht, déi geschwat huet. Et si Sätz voller Emotioun an awer och voller Rationalitéit, déi ech an Interviewen opgefaangen hunn, Sätz, déi vrun allem de Fanger op Wonne leeën. Wonnen, déi nach net verheelt sinn oder Wonnen, déi nach ze spiere sinn, oder Wonnen, deenen hir Läinzeechen och an Zukunft nach ze gesi sinn.
Läinzeechen sinn Narben, si erënneren u kleng Accidenter, u Péng, un Traueregkeet, un Erliefnesser, déi ni ganz verschwannen. Sou wéi d'Gehir villes späichert an iergendwou lagert, sou späichert och de Kierper villes, an heiansdo spiert een d'Erënnerung nach emol. Da sinn d'Gedanken dorunner nees waakreg oder iergendwou brennt oder bäisst oder dréckt et un engem Kierperdeel. Et soll een déi Gedanken an Impressiounen dann och net direkt nees verdrängen, sech hinne bewosst ginn, ouni sech dervun erdrécken ze loossen. Oder sech e Mëttel dergéint sichen, sou wéi de Pol Greisch et virun e puer Deeg an engem Interview op eiser Antenn ausgedréckt huet:
„Déi Welt vun haut, déi futtis Welt an där mer liewen, ech packen déi net, wann ech net e Mëttel wéi Ironie oder Humor a mengen Texter hunn, fir dat z'iwwerbrécken“.
An da ginn et och déi Erënnerungen, déi net engem seng eege sinn, mä déi ee vermëttelt kritt an déi dacks genau sou intensiv sinn, wéi déi eegen.
„Wenn man weinen muss, und jeder weint mal irgendwann, dann muss er das alleine machen“, dat ass en Zitat vun der 91 Joer aler Anita Lasker, déi mat hirer Schwëster Renate fir d'éischt Auschwitz iwwerlieft huet an duerno och nach Bergen-Belsen. „Man ist da einfach krepiert. Bergen-Belsen war das Ende“, sot hir Schwëster Renate bei den Erënnerungszeremonien elo iwwer de Weekend.
A si huet direkt e Message weiderginn un eis all: „Ech sinn net esou wichteg, d'Jugend, déi nächst Generatioun, dat ass wichteg. An engem vun den ziviliséierste Länner vun Europa ass dat passéiert. Also oppassen: et kann erëm passéieren.“
Gutt, wann dës Narben a Läinzeeche vun der Geschicht eis heiansdo brennen an bäissen an drécken.