Dacks kritt een de gudde Rot, dass een d’Liewe genéisse soll well all Moment wichteg a wäertvoll ass. Dem Daniel Nepgen ass dat virun engem décke Mount duerch de Kapp gaangen.

Ech sinn een Dag virun der Germanwings-Katastroph vu Barcelona heem geflunn, op genee deem selwechte Wee wéi déi 150 Leit, déi de 24. Mäerz an den Alpen ëmkomm sinn. Et war zwar eng aner Fluchgesellschaft, mä wéi ech du knapps een Dag doheem war an d’Nouvelle koum, hat ech erëm dee Gedanken: genéiss all Moment, well muer kann et eriwwer sinn. Dee Saz hält nëmmen a ganz wéinege Momenter am Liewen op e Klischee ze sinn, wou ee sech senger Bedeitung wierklech bewosst gëtt. Ech hat just ëmmer meng Schwieregkeet mat deem Moment.

Wéi laang ass en iwwerhaapt? Ass eng Sekonn genuch oder dauert e Moment eng Minutt? Wouhier weess ech, wéi eng Momenter wichteg sinn a wéi eng net? Well, wat ee méi al gëtt, wat ëmmer méi am Liewe wéi en Automatismus ofleeft. Dat geet vun der Dusch moies iwwer de Wee op d’Aarbecht bis bei dat gemittlecht Ausklénge vum Dag owes virun der Tëlee. Et kann een natierlech probéieren, aus der Routine auszebriechen esou dacks et geet, mä déi meescht Saachen am Liewe lafen nun emol all Dag d’selwecht of. Ausserdeem: wann ech e Moment wëll festhalen, ass en och schonn erëm fort.

D’Fro huet mech net lassgelooss. Ech hunn un de Marcel Proust geduecht, fir deen de Genoss vun enger Madeleine d’Entreesdier an d’Vergaangenheet war. E puer Deeg drop hunn ech moies beim Kaffisdësch mäi perséinlechen Anker fonnt, deen ech ausgeheie ka fir mer engem Moment wierklech bewosst ze ginn. Ech hu mäi Bréitchen an zwou Halschente gerappt an einfach esou, aus dem Näischt eraus, meng Nues dertëscht gestach fir eng kéier déif Loft ze huelen an de Geroch vun där frëscher Bakwuer z’inhaléieren. Ech war direkt gefaangen am Moment. Mir si wuel Biller duerch de Kapp gaange vun der Vakanz, vun der Kandheet, vu gléckleche Momenter déi ech domat associéieren. Mä virun allem ass mir opgefall, dass meng Nues dat Sënnesorgan ass, dat am meeschten ënnerfuerdert ass. Beim bewossten Inhaléiere vun engem eigentlech bekannte Geroch sinn d’Sekonnen op eemol méi lues gelaf, war ech komplett op de Moment fokusséiert.

Ech hunn d’Experiment zanter hier dacks widderholl a probéiere meng Nues eigentlech all Dag op en neits z’iwwerraschen. Wéini hutt dir fir d’lescht d’Gras am Park oder am Bësch geroch? Oder eng ausgeblose Käerz? De gedroenen T-Shirt vum Partner? E frësch gewäschent Buedduch? D’Säite vun engem neie Buch?

D’Liewe leeft ëmmer no vir a leider ni hannerzech. Mä jidderee fënnt seng Method fir et heiansdo méi lues lafen ze loossen, a sief et nëmme fir ee Moment.

Apropos: De Moment