Wann ee Kleng ass, wëll ee grouss sinn, erwuessen - mä ass een dat och? Eng Fro, déi de Roland Kalte haut am Apropos stellt.

Ėischt Zil als Klenge war et grouss ze ginn. Erwuessen. Well dat war dat selwecht wéi fräi. Wann s de erwuesse bass, weess de alles, kanns de alles, duerfs de alles.

Ass zwar eng optesch Täuschung: Aus dem Bléckwénkel vun de Kanner, sinn déi Erwuessen all grouss. Oder ëmgedréint, - déi Grouss all erwuessen.

Haut weess ech, dass et nit esou ass. Eigentlech ass een ni richteg erwuessen. Esou... richteg fäerdeg, dass een alles, oder bal alles weess a kann. Erwuesse sinn ass kee festen Zoustand. Als Erwuessene muss ee sech just bewosst sinn, dass een ni e fäerdege Mënsch ass, mä dass ee sech säi Liewe laang verännert. Ëmmer wuessen, Decisiounen, Konsequenzen huelen, Responsabilitéiten droen. Al gëtt ee vum selwen, erwuesse gi fuerdert vill méi Asaz.

Eréischt, wann ee grouss ass, mierkt een, dass et och als Erwuessene nit liicht ass, e fräit Liewen ze liewen, mat deenen Zwäng, déi deelweis d’Gesellschaft virgëtt. Oder – mir bauen eis se esouguer selwer op. Well ee vläicht de Courage nit huet, Konflikter auszehalen a kloer ze soen: Stop! Hei ass meng Grenz!

An esou richteg grouss soll een eigentlech och ni ginn. E bësse Kand muss bleiwen, bannen dran. Einfach richteg Quatsch kënne maachen, domm kënne sinn, esou richteg ausgeloossen. Soss gëtt een en trauregen Erwuessene, bei deem et nëmme méi ëm Zäit a Profit geet. Eng gro Maus. Och als Grousse muss nit ëmmer an alles en Zweck hunn.

AUDIO: 21/05/2015 Apropos Erwuessen