Et gëtt Leeschtung vun eis erwaart. Permanent. Stëllstand ass - bal - dout.

Huet Passivitéit an eiser Existenz, an eisem Liewen nach eng Bedeitung? Gëtt et e Liewen op der anerer Säit vun der Leeschtungslogik?

Wat géing geschéien, wa sech de Wëllen zum Näischtmaachen op déi gesamt Existenz géing ausbreeden? Dat "Näischtfuttéieren", d’Lidderegkeet féiert zur Ambitiounslosegkeet. Keng Intressie méi, keng Projeten, keng Uspréch. Präsenz a Futur – pupegal. Do dra gëtt et näischt, wat ee vun sech selwer oflenke kéint, näischt, wou’s de dech dra verwierkleche kanns. Näischt.

Déi Fläisseg sinn déi, déi ëmmer eppes wëlle maachen, obwuel se wahrscheinlech selwer mol nit wëssen, firwat si dat elo solle wëllen. Dat Wëllen ass och schwéier ze faassen. Well – wat wëll een dann? Oder, wéi kann een iwwerhaapt feststellen, wat ee wëllt. A wéi empfënnt een dat Wëllen? A kéint et wierklech aus mer eraus oder ginn ech sensibiliséiert, manipuléiert, wat ech wëll? Oder fäerten ech nëmmen d’Konsequenzen? Déi Momenter, wou ee wierklech eppes mécht, well een et maache wëll, dat si revolutionär Momenter an eisem Liewen. Meeschtens musse mer dach wëlle wëllen. Mä – dat war nit ëmmer esou. De Sokrates huet d’Fräizäit als Schwëster vun der Fräiheet beschriwwen.

„Aarbecht an Dichtegkeet hunn näischt mateneen ze dinn“ sot den Aristoteles.

An den Diogenes huet jo a sengem Faass just den Dolcefarniente „geschafft“.

Bis wäit an d'Mëttelalter war d’Lidderegkeet näischt Negatives, mee e Privileg, e Liewensideal.

An et duerf een nit vergiessen, dass aus dem Versuch, Aarbecht ze vermeiden, grouss Iddien entstan sinn.

De Gutenberg war ze liddereg, Bicher ofzeschreiwen, de Benz fir zu Fouss ze goen.

Rechemaschinn an deemno och de Computer goufe just erfonnt, well Leit ze liddereg waren, déi Berechnunge selwer ze maachen.

Mee de Mënsch ass ni mat deem zefridden, wat en huet. Dat Bescht läit fir hien ëmmer an der Zukunft.

An trotzdem ass am Begrëff „Lidderegkeet“ eng gewëss Sehnsucht mat dran. Dofir – och emol Power fir Pausen. Mat senger Ëmwelt einfach total eenz ginn, entspanen, chillen, einfach iergendwou hänken, dorëmmer gammelen, näischt maachen, a sech och näischt virhuelen. Elo geschwënn – déi richteg Zäit dofir: Vakanz! Wéinschen Iech eng schéin!

AUDIO: Apropos "Power"