„An? Wat huet d’Liewe mat der gemeet? Ziel mer deng Geschicht!“, huet mech dës Lescht een ale Kolleg gefrot, dee vrun iwwer 40 Joer ausgewandert ass. A mer haten eis verluer, mer zwee.

Ziel mer deng Geschicht! Ass mäi Liewen eng Geschicht?, hunn ech mech deemools gefrot.

Eigentlech schonn! Schreiwe mer nit permanent un eiser Liewensgeschicht? An deeër mer selwer d’Haaptroll spillen.

Eng gutt, sënnvoll, iwwerzeegend, spannend Geschicht soll jo derbäi erauskommen. A wéi fräi si mer dobäi? Schreiwe mer se wierklech eleng a selwer, oder gi mer geschriwwen? Mer hu Wënsch an Ziler, Liewensziler, stelle Pläng op, setzen se ëm, oder och nit. Nit esou einfach. D’Geschicht geet nit esou aus, wéi mer gemengt oder gehofft haten.

’t ginn der och, déi hu guer keng Ziler. Formen hiert Liewe nit weider. Maachen einfach nëmmen eent nom aneren, esou wéi et kënnt. Déi stiechen éischter an enger Geschicht dran, als Auteur, als Haaptroll oder Redakter, just fir d’Geschicht hannenno nach e bëssi ze verschaffen, drun ze schläifen, ze verschéineren oder ze zenséieren.

Mer si nit fräi beim Schreiwen vun eiser Liewensgeschicht. Nit esou wéi e Schrëftsteller, deen am Ufank eleng viru sengem eidele Blat sëtzt a säi Roman oder wat och ëmmer op dat Blat spënnt. Mer sinn nit eleng, an all déi ronderëm eis schreiwe mat un eiser Geschicht.

Mer hunn eis dann du géigesäiteg Kuerzgeschichten aus eisen zwou Liewensgeschichten gezielt. Si ware bestëmmt nit komplett, an och nit honnertprozenteg korrekt. Mer si jo nëmmen Co-Auteuren a wësse jo mol nit all Detail vun der Geschicht, ... vun eiser Geschicht!

AUDIO: Apropos "Ziel mer deng Geschicht"