Gebuergenheet

Sech wuel fillen ass wuel mat dat Wichtegst vun eise Gefiller.
Gebuergenheet ass deen Ausdrock, deen dat beschreift. Awer nit nëmmen. Symboliséiert och Sécherheet, Schutz, Onverletzbarkeet, Wäermt, Rou, Fridden.
Komesch, dass et am franséischen an am engleschen emol kee Wuert dofir gëtt. An dobäi ass de Méinsch dach awer e Gebuergenheetswiesen. Am Bauch vun der Mamm ware mer sécher a gebuergen, eisen Urzoustand also souzesoen. Dofir wësse mer och all, wéini mer eis gemittlech a gebuerge fillen.
Käerzen, Canapé, Pillemen, Iesse mat Frënn, Kuschele mat de Kanner, Kaffi am Bett, dat si Situatiounen a Begrëffer, déi Leit mat Gebuergenheet a Gemittlechkeet bei Ëmfroen agefall sinn.
Dat Gewinntent daacht, wéi et schéngt, nit zur Gemitterlechkeet. Fernseh kucken zum Beispill gouf just vu Leit genannt, déi bal ni virun der Televisioun sëtzen.
Et gëtt s’och nëmmen a klenge Gruppen. E puer Frënn, Famill vun zwou bis sechs Persounen. Esoubal ee nit méi „ënnert sech“ ass, ass déi Gebuergenheet duerch d’Päif.
T’muss ee sech sécher fillen, nit verstelle mussen. T’zitt ee sech esou e bëssen vun der Welt zréck, t’muss een, t’brauch ee nit méi ze fonctionnéieren. E klenge Befreiungsschlag géint d’Gesellschaft. Ech fäerte just, et hëllt ee sech déi Fräiheet nit dacks genuch!