Erfolleg

Erfolleg muss een hunn. Ziler erreechen. Dat kréie mir jo virgeknat. Nëmme kee Loser ginn. Oh Mamm, schrecklech!
Mä wat ass iwwerhaapt Erfolleg? Wéi definéiert een dat Striewen?
Ass Erfolleg just Geld? Materielles? Domat gëtt et op alle Fall dacks gemooss. Kenne mer jo: Mäi Boot, mäin Auto, mäin Haus! Statussymboler. Obwuel, dat Geld dach eigentlech just den Austausch ass géint seng Zäit? Oder?
Perséinlechen Erfolleg huet vill Gesiichter. Intelligenz an Talent spille sécher a ville Liewensberäicher eng wichteg Roll, mussen awer nit entscheedend sinn.
Leider leeën och vill Leit hier eege Lat ze héich. A ween ënnert enger ze héijer Lat just rounderëm trëllt, kéint nit weider. Ass och nit gutt fir säi Selbstbewosstsinn.
Erfolleg ass subjektiv. Jidderee soll seng eege Virstellungen hunn, wat ëm am Liewe wichteg ass. Statt no Geld kann een och no de Gefiller definéieren, déi een huet. Positiivt Resultat op seng méiglech Ziler, oder dass ee sengem Zil all Dag e Schrack méi no kéint. An dat ka villes sinn.
Eng gutt Balance tëscht Job a Partnerschaft. Eppes wat Spaass, Freed mécht. Wou ee sech begeeschtere kann. Wee sech laangfristeg fir Ziler begeeschtere kann an dodru schafft, kéint iwwer Hënnernesser, déi ee selwer bal nit fir méiglech hält, schaaft sech de néidege Knowhow fir Héchstleeschtungen.
Eh jo, zu engem grousse Sprong gehéiert nun eemol heiansdo e groussen Ulaf.