Derangementer

Am Apropos vun de Moie verweist d'Christiane Kremer fir d'éischt op en Apropos vu viru sechs Joer.
Ech hunn an dëser Rubrik, déi et jo schonn eng Zäit gëtt, schonn eemol iwwer d'Oktav geschwat. Dat war mer an der Erënnerung bliwwen, well ech deemools eemol samschdes moies spontan während der Oktavzäit an d'Kathedral gaange war. Zum Deel fir d'Ambiance an dat Feierlecht, d'Musek an och e bëssi d'Nostalgie erëmzesichen an ze spieren. Deemools war mer dee Besuch net ganz gutt bekomm, well ech mech herno opgereegt hunn, nodeems an der Priedegt op eemol Wahlpropaganda opgetaucht war, sou nom Motto: dat sollt der de 7 Juni wielen. De 7. Juni war den Dag vun de Chamberwahlen.
Dëst Joer ass de 7. Juni och nees sonndes an och e politesche Sonndeg, well et jo den Dag vum Referendum ass.
Dat ass awer net mäin Thema haut- nee d'Parallel zu dem Apropos vu virun sechs Joer ass déi, datt ech e Samschdeg de Moien nees eemol op mengem Tour laanscht d'Kathedral komm sinn a gesinn hunn, datt d'Paart grouss opstoung an ëmmer nees Leit eran an erausgaange sinn. Ech hunn dat selwecht gemaach a koum grad era wéi eng Mass ugefaangen huet. Well ech nach ëmmer gär Kierchemusek héieren, sinn ech dann och e bëssi stoe bliwwe fir nozelauschteren.
Duerno huet de Paschtouer d'Leit begréisst, eemol ganz traditionell an dunn nach eemol mat engem Saz, deen ech och déi Kéier am Kapp behalen hunn. E Saz, dee mech manner opgereegt huet wéi virun sechs Joer. Obwuel eigentlech misst en een nach méi opreegen, awer an engem anere Sënn. Am Saz, deen en Zitat war, huet et geheescht: „Que la paix du Seigneur vu dérange!“
Am éischten Ament ass ee scho vum Saz eleng derangéiert, bis een der Bedeitung dann op de Grond geet: de Fridde soll eis derangéieren, well net jiddereen an deem selwechte Fridden op der Welt ka liewe wéi mir. E soll eis derangéieren, datt mer opmierksam bleiwe fir Ongerechtegkeeten, datt mer sensibel si fir Mënschen, déi do, wou kee Fridden ass, fortlafen an hoffe bei eis eben dee Fridden ze fannen. An sou dacks endegt déi Sich an der Katastroph. Mir wëssen et, mir kréien et bal all Dag gewisen. Och déi Biller derangéieren.
Sou vill Derangementer an eisem Alldag, Derangementer fir déi kee sech entschëllegen däerf.