Fair Play

Fair play – eigentlech an eiser Welt nit méi esou richteg in, oder? Wann et esou eng normal Saach wier, dann dierften et jo eigentlech keng Fairplay-Präisser ginn, oder? Well déi Fairplay-Präis-Gewënner hu jo eigentlech nëmmen dat gemeet, wat fair, also richteg, ass.
Den Dieter Hildebrandt sot emol eemol: „Fair Play bedeit, e Foul esou verstoppt ze maachen, dass den Arbiter et nit gesäit.“
Aha. An dat gëtt dann och nach gär als „clever“ verkaaft. Dat heescht jo dann, déi Clever also kënnen onfair sinn, - jo - an déi aner?
Esou kann et och nit sinn. Well kee verdréit jo awer, wann en onfair, ongerecht behandelt gëtt.
Wouhier kéint eigentlech dat mënschlecht Gespier fir d’Fairness? Kritt een et mat an d’Gene geluecht?
Vläicht. An enger joerzéngter laanger Etude doriwwer gouf festgehal, dass och d’Afen esouguer e Sënn fir Gerechtegkeet hunn. Si deelen d’Fudder, an der fräier Natur besteet eng Zort Kooperatioun, an esou schéngen s’e Sënn vu Fairness entwéckelt zu hunn. Vläicht hu mer et also vun deenen an eis dran.
Op alle Fall – dat Gefill fir Gerechtegkeet ass d’Basis fir eng ganz Rëtsch vu Systemer an der mënschlecher Gesellschaft. Ugefaang bei der Loundiskriminéierung bis zur internationaler Politik. Vertrauen, Gerechtegkeetssënn, Matgefill si wichteg Konditioune fir Wuelstand an ökonomesche Succès. Dat alles gouf an deeër Etude festgehal.
Natierlech ginn et ëmmer Schmarotzer, Profiteuren, Fuddeler.
Wahrscheinlech sinn et och déi, déi dat alles ënner „Cleverness“ verstoppen.
Mä, ech mengen, mat deene musse mer liewen. T’ass nach kee Kraut géint se gewuess!