Dëse Weekend sinn 72 Stonne vum Benevolat, och dofir awer net nëmmen ass dat en Thema am Apropos vun haut.

De Grond firwat dat Thema mech beschäftegt, ass en duebelen. E Samschdeg koumen dräi Lëtzebuerger aus dem Nepal erëm, déi do am Äerdbiewekatastrophegebitt 12 Deeg gehollef hunn d'Koordinatioun an d'Kommunikatioun tëscht den Hëllefsdéngschter opzebauen. Dofir goufen se forméiert a sinn och psychologesch encadréiert. Alles dat geschitt benevole, fräiwëlleg an engagéiert.

An da gëtt et nach d'Ausso, déi de Weekend um Rand vum Spëtzematch am Lëtzebuerger Fussballschampionnat gefall ass. Do sot de President vum F91, ee vun de Grënn firwat deenen Diddelenger e Feeler ënnerlaf ass a si e Spiller agewiesselt hunn, deen net um Bou stoung, wier och deen, datt net mat adequaten, professionelle Strukture kéint geschafft ginn.

Dës zwee Beispiller hunn ech just gewielt fir z'illustréieren, wéi vill zu Lëtzebuerg op Benevolat gebaut gëtt, wat fir en Impakt en huet an datt ouni Leit, déi sech an hirer Fräizäit engagéieren, villes schwéier ze geréiere wier: am Rettungsdéngscht, am Sport, an der Kultur, am sozialen Zesummeliewen an, an, an …

Wie selwer an engem Veräin oder enger Associatioun matschafft, dee weess awer och wéi schwéier et ass, ëmmer nees Leit ze motivéiere fir sech z'engagéieren, fir eng Hand mat unzepaken, fir um fräie Weekend präsent ze sinn oder no Feierowend an dat net just all Schaltjoer eemol, mä regelméisseg an zouverlässeg.

An enger Zäit, an där dacks un de Moyene muss gespuert ginn, an där villes näischt kann an duerf kaschten, ass de Benevolat dacks nach déi eenzeg Garantie, datt eppes geschitt, datt iwwerhaapt nach eppes kann organiséiert ginn, datt mer eis nach kënnen iwwer flott Momenter an der Fräizäit freeën oder eis sécher sinn, datt mer Hëllef kréien, wa mer der brauchen.

Sécher muss een nodenken, wéi alles besser a méi professionell ka lafen.

Mä kéinte mer net scho villes besser maachen, wa mer en Deel vun der Energie déi mer verbrauche fir ze kritiséieren „et wier näischt lass an et géif näischt klappen“, einfach an e perséinlechen Engagement géife stiechen?

AUDIO: 12/05/2015 Apropos "Fräiwëlleg engagéiert"