Loft a Léift

Et gëtt näischt fir Näischt an doriwwer mécht sech de Yann Logelin de Moien esou seng Gedanken...
Et gëtt et jo net méi Villes wat an eiser moderner Welt nach fir näischt ass, wat ëmsoss ka kréien. Verschidde liewenswichteg Saache sinn awer nach gratis. D'Waasser net. Dat ass iwwert déi lescht 150 Joer zu enger, fir de Groussdeel vun der Mënschheet, deierer Wuer ginn, mä d'Léift ass nach gratis, och wann et der wuel ginn, déi duerfir bezuelen oder sech op mannst de geleeëntleche Liebesbeweis un de Partner eppes kaschte loossen.
Och d'Loft ass nach gratis, quit dass een dës a munch grousser Stad och net méi dat ganzt Joer duerch mat Genoss an déif anootme sollt, well d'Konzentratiounen u renge Stëbspartikelen oder anerem Dreck einfach ze héich ass an d'Loft doduercher zu enger Gefor fir d'Gesondheet ka ginn, prinzipiell ass se awer gratis.
Där Iwwerzeegung war jo och! Mä viru kuerzem hunn ech festgestallt, dass och d'Loft ufänkt hire Präis ze kréien. 50 Cent an dësem konkrete Fall. Der Rei no: Et wor moies am Beruffszéifloss, wéi de Chauffeur vum Auto, deen op der Iwwerhuelspur vun der Autobunn, genee ewéi ech am Schrëtttempo Richtung Stad getuckert ass, op emol ufänkt wéi wëll ze gestikuléieren a seng Bäichauffeursfënster erof mécht. Well dee gudde Mann sech net ginn huet, hunn ech schlussendlech meng Fënster och erof gemaach a krut vun him ganz léif gesot: „Monsieur, vous roulez à plat.“
Well d'Tankstell op där Bunn iwwert déi ee Moies an d'Stad schleeke kann, net wäit ewech war hunn ech Merci gesot a sinn e puer Honnert Meter méi spéit op ebe genee dës Aire gefuer fir hei eben nozekucke wéi platt mäi Pneu wierklech wier an de Fall gesat, och nei Loft op der Tankstell vun der Aire an de Pneu ze pompelen.
Mä Pneu riets hannen hat effektiv wéineg Loft, war awer nach net wierklech platt, mä ech sollt et kuerz drop sinn! Wéi d'Loftpompel op der Tankstell en hallwen Euro wollt fir dass ech mäi Pneu nees op de korrekte, vum Wierk virgeschriwwene, Loftdrock kéint bréngen. Esou geet et also un hunn ech geduecht... elo kascht d'Loft schonn. Ech hu schlussendlech drop verzicht mäi Pneu direkt ze fëllen a si gemittlech, iwwert grouss Strecke vun der Autobunn, virun an d'Stad gefuer, wou d'Loft op den allermeeschten Tankstellen nach fir näischt ze kréien ass. D'Fro ass wuel just: Wéi laang nach?