A China ass e Sak Räis ëmgefall

Déi Metapher fir eng onwichteg Informatioun gëtt jo ëmmer gär ausgepaakt an taucht rezent ganz vill an de soziale Medien op, besonnesch bei Themen déi kontrovers diskutéiert ginn, wéi bei der Hochzäit vum Bauer Guy oder nach bei der Hochzäit vum Premierminister Xavier Bettel.
E Sak Räis deen ëmfält, ass dee wierklech onwichteg? Fir iwwer d’Halschent vun der Weltbevëlkerung ass de Räis d‘Haaptliewensmëttel. An Asien gëtt bal all de Räis produzéiert, deen op der Äerd giess gëtt.
Also wann e Sak mat Räis a China ëm fält, dann sinn direkt e puer Persounen dovu betraff: de Produzent respektiv de Bauer, dann deejéinegen, deen all des Kären, an dat sinn der jo awer eng jett, muss oprafen. Vläicht dann och nach deen, deen dee Sack Räis grad wollt kafen a lo muss waarden bis hien all d’Käre ka mathuelen. Sécher interesséiert eis dat hei net direkt. Grad wéi et d’Chinesen och net intresséiert, wa bei eis am Trafic-Info eng Baatsch, en Eemer, eng Leeder op der Strooss ernimmt ginn, déi fir deen, deem säi Wee grad laanscht sou eng Plaz féiert, awer wichteg sinn.
Allerdéngs kann all Klengegkeet eppes méi Grousses ausléisen, dat ass den Dominoeffekt. A wa bis e Sack Räis ëmgefall ass, falen der vläicht vill méi ëm an et sinn der ëmmer méi betraff.
Ob et dann elo e Sak Räis ass oder eng Promi-Hochzäit, wien sech net derfir intresséiert, muss sech jo och net driwwer informéieren. Mä firwat soll een net duerfe schmunzelen an och emol méi ongewéinlech Artikele kucken a liesen. Och wann et sécher méi wichteg an tragesch Themen ginn, wei Äerdbiewen am Nepal, de Chômage oder d’Flüchtlingsproblematik, déi eis net sollen egal sinn. Dofir denken ech, datt déi aner News, déi manner wichteg, eng wëllkommen Ofwiesslung sinn zu deenen trauregen, trageschen Noriichten.
Och wann d'Meenungen eben auserneen gi, si menger Meenung no Aussoen dei net wierklech eppes konstruktives zu enger Diskussioun bei droen, einfach nëmme iwwerflësseg.
Iwwer déi verschidde Goûten respektiv Faarwen soll jo net diskutéiert ginn… an eben och net iwwer déi vum Räis.