Vakanz zu Roum!

© rtl.lu
Do ass et wonnerschéin. Et gëtt sou vill ze kucken an ze trëppelen. D'Wieder huet matgespillt, et kann een an dëser Stad och wonnerbar iessen an e rise Shoppingtour un den Dag leeën..
Zu Roum kann een La dolce Vita maachen...
AUDIO: Apropos Vakanz zu Roum!
Sou vill zum schéinen Deel vun dëser Geschicht. 4 Deeg ware mir do. An ech hunn ongeféier e puer 100 mol an där kuerzer Zäit Nee gesot oder mam Kapp gerëselt. Zu Roum, also an Italien, gëtt ee sech där ganzer Envergure vun de Flüchtlingen aus Afrika, Syrien oder vu soss wou, déi mir all Dag op der Tëlee oder a soss Medie gesinn an héieren, richteg bewosst. Op Schratt an Tratt versicht iergendeen Iech eppes ze verkafen, vum Bengel fir den Handy drun ze maachen, engem Hutt, oder engem Schläimball, dee ganz haart jiipst wann een op de Buedem gehäit gëtt - also Geschir, wat kee Mënsch brauch...
Natierlech war ech vun deem konstanten Undréie vu Schrott-Artikelen generft, mee wéi ech mir virun der Entrée vum Vatikan dës Leit méi genee ugekuckt hunn, ass meng Roserei an Trauer ëmgeschloen. Virun allem eng Fro duerch de Kapp gegeeschtert: Wat ass engem Mënsch seng Dignitéit wäert? All Mënsch huet eng, ma si gëtt dacks an op ville Plazen op dëser Welt mat Féiss getrëppelt. Dës Männer, an der Haaptsaach waren et Männer, kënne sech et net leeschten hir Dignitéit ze fleegen a musse sech erofloossen fir de gréisste Kabes un de Mann ze bréngen a sou iergendwéi u Suen ze kommen.
Et ass en Drama ouni Gläichen, matzen an Europa. Mä et ass en Drama un deem mir Matschold sinn. Amplaz Waffen an d'Welt ze schécken, an dat maache Länner an Europa an amplaz Firmen hei zouzemaachen an iergendwou opzemaachen fir do d'Leit fir en Apel an e Stéck Brout, pardon verschwat fir e puer Grimmele schaffen ze loossen, sollte mir deene Mënschen hir Chance ginn fir e Liewen opzebauen an dat ze liewen.
Mä dass dat net sou einfach geet, an dass do e ganz ellene Rateschwanz drun hänkt, sinn ech mir och bewosst.
Et ka sinn dass Dir mech naiv fannt, mee mech mécht de Misär vun anere Mënschen immens traureg a weess net wat ech maache soll fir deem engen oder anere säi Schicksal ze änneren?! Wier et net schéin, an enger Welt ze liewen, wou all Mënsch de Luxus huet seng Würd ze behalen?
Dës Naivitéit huelen ech dofir gären op mech a géif och deenen se wënschen, déi bei sou Situatiounen d'Responsabilitéit droen an Decisiounen huelen.