Siwen

Neen, et ass emol net meng Liiblingszuel, dovunner ofgesinn, datt ech mer där nach ni eng erausgesicht hunn, ass et awer duerchaus d'Liiblingszuel vu ville Mënsche weltwäit.
Wa spontan gefrot gëtt, eng Ziffer ze soen, kënnt am heefegsten d'Siwen, genausou wéi bei de Faarwen, „Blo“. Dofir schwätzt een an der Verhalensfuerschung och vum „Blue-Seven-Phänomen“.
Siwen ass awer och d'Kombinatioun vu Kierper a Séil, also vun deem Mënschlechen. Op där enger Säit dat Physescht, déi véier Elementer Äerd, Waasser, Feier, Loft an op där anerer Säit d'Dräifaltegkeet, déi symbolesch ass fir d'Séil oder de Geescht. Sou seet et och de chrëschtleche Glawen, deen ënner anerem nach siwen Dugenden a siwen Doudsënne kennt. A quasi alle Reliounen taucht d'Siwen op: am Juddentum geet rieds vun de siwe fetten an de siwe moere Joer an d'Menora, de Käerzestänner, huet siwen Äerm. Am Islam geet ee bei Pilgeren op Mekka siwe Mol ronderëm d'Kaaba an de Mohammed ass bis an den ieweschten, de siwenten Himmel komm.
En plus gëtt et sou vill wat zu Siwen ass: eis Sënnesorganer hu siwen Ëffnungen, en plus sinn am Kierper a siwen Energiezenteren (Chakraen). Et gi siwe beweeglech Himmelskierper an no hinne benannt, ginn et siwen Deeg an der Woch. Da bleiwen nach déi siwe Weltwonner, siwe Bierger, siwe Saachen, Siwemeilestiwwlen, siwen Zwergen, siwe Geessen, déi siwe Spichte vum "Max und Moritz", Siweschléifer, dem Schneider seng 7 Mécken oder och dat verflixt „siwent Joer“. An de Grand-Duc gëtt Pätter beim siwente Bouf.
Dem Philosoph a Fuerscher John Locke no kann de Mënsch siwen Zuelen oder Objeten aus enger Rei verhalen. Méi net, duerno gëtt et komplizéiert. Beim Spill mat zwee Wierfelen kënnt am dackste siwen eraus, dat huet awer och dermat ze dinn, datt déi méiglech Kombinatiounen dofir méi heefeg sinn.
Jo, ech kéint mat dëser Lëscht nach laang weiderfueren an iech vu Gléck- an Ongléckszuel erzielen, mä dat wëll ech net. Neen, ech wëll dës Woch ganz bewosst vun der Siwe schwätzen, well se mäin Alldag markéiert. Bis elo. Bis elo war ech op Siwe fixéiert, hu vill an dacks drop gewaart, driwwer geflucht, wa se net do war a mech gefreet, wann ech se op eemol erbléckst hunn. Wann ech se gesinn hunn, wosst ech elo ass et un dir - si huet mech begleet oder besser geleet vun doheem op d'Aarbecht an nees zeréck. Mä leider war se net sou ganz zouverlässeg, wéi ech mer dat erhofft hunn. An elo op eemol vu virgëschter op gëschter ass se verschwonnen, ofgeschaaft, immobil, inexistent. D'Linn 7 bei de Städtesche Bussen ass der Reform zum Affer gefall, wéi komesch! Et gëtt Linne vun 1 bis 31 - sou vill wéi nach ni - mä et gëtt keng Linn 7 méi!
Wat en Agrëff an d'Gewunnechten, an d'Reiefolleg an an d'Logik vum Alldag.
Eng Ziffer mat esou vill Symbolik, verschwënnt aus dem Stater Stroosseverkéier.
Eng Symbolik kann d'Ziffer awer dës Woch nach kréien. E Sonndeg ass de siwenten - Dir wësst schonn - e besonneschen Dag fir Lëtzebuerg.