En Haus an en Doheem

Wat ass an de läschte Wochen diskutéiert ginn, an dobäi sinn nawell och emol d’Fatze geflunn... Jo, Nee, Auslänner, Awunner, Lëtzebuerger an déi déi et wëlle ginn. An déi déi et net wëlle ginn. Ma firwat eigentlech net? D’Nationalitéit wier eng Saach vum Gefill, eppes Emotionales, d’Walrecht dergéint eppes Rationelles wat näischt mam Pass ze dinn hätt. Mä kann een dat tatsächlech trennen? Fir an engem Haus ze wunnen brauch een dat net gär ze hunn, et geet duer wann alles dran ass wat een esou brauch, eng Kichen, eng Buedzëmmer, e Bett...dann ass et en Haus mä nach laang keen Doheem. En Doheem gëtt et duerch déi Mënschen mat deenen een zesummelieft, mat deenen een iwwer Dësch diskutéiert an heiansdo och streit, déi engem awer nimools egal sinn. Et riicht een sech säin Doheem an fir sech do wuelzefillen, et hänkt ee Biller un d’Mauer, stellt Blummen op d’Fënsterbriet,a vergësst och net déi néideg Reparaturen fir dass d’Haus nach laang stoebleift. Dobäi ass et egal op een an dem Haus gebuer gouf, oder eréischt méi spéit erageplënnert ass. Iergendeng Kéier seet een sech: Hei sinn ech doheem, déi Mënschen an dëst Haus bedeite mer eppes. An da soll een och dozou stoen. Mä wann et ebe just en Haus ass, da interesséiert een sech net esou fir d’Noperen an et hëlt een et och mat de Reparaturen net esou genee. Firwat nom Daach kucken, ech wunne jo souwisou just nach e puer Joer hei a sou laang hält e wuel nach. An dem enge Fall wiere mer eng richteg Famill, an dem anere just eng Versammlung vu Locatairen déi net onbedéngt déiselwecht Interessen hunn. Leider schénge mer méi dacks niewenteneen ze liewen wéi wierklech mateneen. Dat ass schued, zemol déi heite Famill nawell net der schlechtster eng ass, wie wierklech wëll derzougehéieren, dee gëtt mat oppenen Äerm empfaangen. E bëssen Zäit a Méi dierft dat dach wäert sinn, oder net?
AUDIO: Apropos: En Haus an en Doheem