Et ginn der déi kënne Witzer erzielen an et ginn der déi kënnen et net. De Rich Simon behaapt vu sech selwer, dass hien et net kann. Witzer nolauschteren dat mécht hien awer gären. Am Apropos vun haut erënnert hie sech zeréck un déi gutt al Witzer.....

Viru kuerzem war ech an der Vakanz an du koum d'Nouvelle dass d'Colette Hoffmann gestuerwen ass. D'Fra an d'Bühne-Partnerin vum Fernand Wark. Deen Duo, dee mech a vill aneren a mengem Alter als Bouf begleet huet. Bis ugangs de 90 er Joeren sinn si opgetrueden. Mol alleng mol zesummen. Nodeems de Fernand 1994 gestuerwen ass, ass hie wéi och seng Fra, vu ville vergiess ginn. Bis eben elo virun e puer Wochen. D'Colette stoung villäicht bëssen am Schied vum Fernand. Virun allem well hie wéi kaum een anere konnt Witzer erzielen. Léif Witzer, propper erzielt, a wat mir als Radiosmënsch elo réischt opgefall ass, mat enger Dictioun déi brillant war. Wann ech soen elo, dann huet dat domadder ze dinn, dass ech mer de Fernand, wéi et esou schéin am Nei-Lëtzebuergeschen heescht, no laange Joeren nees eng Kéier era gezunn hunn. Op Youtube. Ouni Gekréckels wéi dat an de 70er Joere de Fall war, nodeems de 45er Disk schonns honnerte mol um Plackespiller of gespillt gouf.

Ech hunn d'Witzer bal alleguerten nach kannt. Ech wousst wéini d'Pointe géif kommen. An awer hunn ech mech selwer dobäi ertappt, wéi ech genee op deene selwechte Plaze gelaach hunn wéi virun iwwer 30 Joer. Jo esou lang ass et schonns  hir. Wéi d'Zäit dach vergeet.

Leider och beim Witzer erzielen. Wann ech mer verschidde sougenannten Comedians vun haut op der Däitscher Telé ukucken, vergeet mir d'Laachen. Déi sois-disons Komiker kommen dacks net derlaanscht fir Leit einfach nëmmen ze blesséieren. De Niveau ass dacks ënnert, Dir wëst schonns....

Fréier war sécherlech net alles besser. Komedi huet mir awer besser gefall wéi haut. A Frankräich ee Funès, ee Bourvil oder ee Coluche. An Däitschland ee Loriot. Wat hat dee Mann eng Fieder...

Hien huet seng Witzer, Sketcher selwer geschriwwen. Hien huet kee Ghostwirter gebrauch. Hien huet dat zum Beschte ginn wat hie selwer geschriwwen huet. Dat war Klass. Eng Klass déi ee wéi de Fernand och hat. Vun elo un lauschteren ech nees méi dacks seng Witzer. Och wann ech d'Pointeen auswännesch kennen.

AUDIO: Apropos: Dem Fernand seng Witzer